Den 12. Abrëll ass et endlech esouwäit, d'Nintendo Switch kritt mam Release vum 4. Nintendo Labo e VR-Brëll.

Nintendo Labo leeft zënter dem Release extrem gutt an et huet elo scho gewisen, dass d'Méiglechkeeten, déi een dermadder kritt, praktesch onendlech sinn. Beim nächste Set vun der VR wäert et méiglech sinn, seng Switch prett fir d'virtuell Realitéit ze maachen.

Wéi gewinnt kann een hei mam Kartrong deen een an dëse Sets geliwwert kritt, déi verschiddensten Apparater a Spillereien zesummebauen, dës Kéier ebe mam Schwéierpunkt.

Ma net nëmmen e Brëll, mä och verschidden Halterunge mat komplett verschiddene Funktioune kënne gebastelt ginn, sou dass een déi ënnerschiddlechste Saachen domadder maache kann. Ënnert anerem kann een sech en Elefanterüssel, eng Kamera oder a Blaster zesummebastelen.

De Set kascht 80 Euro an et kann ee 6 verschidde Brëller kreéieren. Fir 40 Euro kritt een dann eng ofgespeckte Versioun mat manner Optiounen.

Mat enger 720p-Opléisung ass d'Switch manner gëeegent fir virtuell Realitéit, ma wéi gewinnt, wäert et awer mat Sécherheet säin Déngscht erfëllen. Den 12. Abrëll kënnt de neie Labo-Set eraus.