Fir déi éischt 2 Deeg vun der E3 huet EA dogéint wëlles, fir direkt e puer Live-Streamen ze lancéieren an sech esou ze presentéieren.

Nodeems Sony jo schonn 2018 annoncéiert huet, keng Pressekonferenz bei der E3 2019 wëllen ze hunn, zitt och elo EA no a verzichten domadder op eng eege Pressekonferenz op der E3.

D'E3 ass jo déi gréisste Gaming-Foire op der Welt an ass dëst Joer vum 11. bis de 14. Juni. Kuerz virdrun (7.-9. Juni) hält EA, genee wéi schonn zënter 2016, seng sougenannten EA Play of, also eng eege Pressekonferenz. Ma anescht wéi soss, wëll ee keng klassesch Pressekonferenz organiséieren, mä méi Gameplay weisen.

Domadder wäert souwuel EA an och Sony keng Pressekonferenz op der E3 organiséieren, dat obwuel dës zwee Gigante mat zu den absolute Must-Sees op der E3 waren.