Mëttlerweil si schon 25 eSportler ënnert dem Management vun RF eSports.

Ween ass RF eSports?

RF eSports sinn 9 motivéiert, jonk Leit, déi eng Visioun hunn an denken dass elo den richtegen Moment ass, des och ëmzesetzen. Et sinn engersäits Studenten, déi grad den Bachelor hannert sech hunn, mä och Leit, déi schonn Erfarung am Beruff hunn.

Wat mécht RF eSports?

Momentan huet RF eSports 25 eSportler ënnert dem Management. Fir méi an den Detail ze goen: 7 League of Legends Spiller, 7 CS GO Spiller, 3 Brawl Stars Spiller, 3 Clash Royale Spiller, 1 Super Smash Ultimate Spiller, 2 Fifa19 Spiller an 2 Rocket League Spiller.

RF eSports huet a Kooperatioun mat 11Fgaming an Pizza Hut zwee live Mobile-Gaming Turnéier op den SprinGames 2019 organiséiert. Dobäi hu si Freides den 15.03 ab 17:00 en Brawl Stars Turnéier an Sonndes den 17.03 ab 10:00 en Clash Royale Turnéier gehat.

RF eSports huet op de Sozialen Medien momentan och en Kingdom Hearts 3 Deluxe Edition (PS4) Gewënnspill. Fir déi genau Konditiounen besicht gären de Facebook Säit.

Dobäi ass RF eSports och mat der Prozedur am Gaangen, fir eng A.s.b.l. ze kreéieren.

Wie gesäit d’Zukunft vun RF eSports aus?

"Eis ass wichteg dass d’SprinGames en Erfolleg fir all Mënsch gëtt an virun allem eng gutt éischt Erfarung fir eis. Mir hoffen dass vill Leit op eisen Stand laanscht kommen an eiser Tombola eng Chance gin, well mir hunonso vill Gedanken gemaach, fir cool Praiser bidden ze kennen.

En wichtegen Punkt ass och eis sozial Medien ze verbreeden, well mir momentan ganz aktiv op Facebook, Instagram an Twitter sinn! Eis Discord Community ass och richteg lieweg an Enn Mäerz ginn mir op Twitch an Youtube live!

Mir freeën eis op d’SprinGames an op dat wat dono nach kennt! Mir hoffen iech all op den SprinGames ze gesinn!"