E neit "Lord of the Rings"-Spill kënnt, den däitsche Studio "Daedalic" huet een groussen neie Projet annoncéiert.

Sou soll 2021 een neit Lord of the Rings Spill mam "Gollum" an der Haaptroll eraus kommen.

Mir léieren de Gollum kennen, wéi hien zu deem ginn ass, wéi mir en aus de Filmer kennen.

Et spillt sech also virun de Bicher of. Dat ganzt ass een Action-Adventure. Dobäi soll een nach Entscheedungen treffe kennen.