De franséischen Entwécklerstudio "Ubisoft" verschenkt eng Woch laang d'Spill Assassin's Creed a spent selwer 500.000 € fir d'Restauratioun vu Notre-Dame.

Déi weltberühmte Kathedral Notre-Dame gouf bei engem schwéiere Brand staark beschiedegt an och de franséischen Entwécklerstudio "Ubisoft" wëll elo gäre spenden. An net nëmmen dat, och d'Fans profitéieren am Moment vun enger gratis PC-Versioun vun hirem Spill "Assassin's Creed Unity" an deem een ënnert anerem eng detailléiert Representatioun vun der Kathedral ze fannen ass.

Eng Woch laang solle PC-Gamer gratis an de Genoss vum Spill aus dem Joer 2014 kommen, dat fir wéinstens an digitaler Form d'Kathedral kënnen a senger ganzer Schéinheet kënnen ze gesinn. An dësem 8. Deel geet et ëm déi franséisch Revolutioun am 18. Joerhonnert.

Ubisoft huet dann och annoncéiert 500.000 Euro fir d'Restauratioun ab d'Rekonstruktioun vun der Kathedral ze spenden an huet d'Gamer dozou encouragéiert, dass wann een sech d'Spill gratis erofluet, eppes fir Notre-Dame spende sollt.