Laang gouf drop gewaart, elo kënnen sech d'Fans endlech op e neien Add-On fir Star Wars: The Old Republic freeën.

Dorop hunn Star Wars Fans laang gewaart. No 3 Joer Waardezäit kennt endlech een neien Add-On fir Old Republic deen "Onslaught" heescht am September eraus kennt.

D'Story soll folgendermoosse sinn: Et geet ëm e Krich tëscht dem Imperium an der Republik. Fir Abonnenten ass d'Erweiderung gratis. Et kommen zwee nei Planéiten "Onderon" an "Mek-Sha" dobäi.

D'Finall vun der Story bréngt iech zréck op "Corellia". Eng nei Operatioun (Raid) kennt och, déi op "Dxun" gespillt gëtt, dem gréissten Mound vun Ondern. Nautolaner sinn nei spillbar Spezies. De Maximal-Level gëtt dann och op Stuf 75 erhéicht.