Pressekonferenzen, Livestreamen an Auerzäiten op ee Bléck

© youtube
De wuel gréissten a wichtegsten Event am Beräich vum Gaming steet nees virun der Dier a sou muncher een freet sech schonn, wéini wéi eng Livestreame sinn.
Och wa Sony dëst Joer net wäert un der E3 deelhuelen, ass a bleift d'E3 zu Los Angeles de wichtegsten Event vum Joer, virun allem wat d'Ukënnegungen am Gaming betreffen. D'Foire fir de Public ass vum 11.-13. Juni, ma vum 9. Juni un gi scho Pressekonferenze gehalen, an sech dat, op dat d'Fans op der ganzer Welt waarden.
Micrososoft/Xbox: Sonndeg, de 9. Juni um 22 Auer
2019 wëll Microsoft mat enger riiseger Show optrieden. D'Konferenz gëtt wéi all aner Pressekonferenz natierlech gestreamed, Linken heizou wäerten et dann kuerz virdru ginn. Et gëtt domadder gerechent, dass Microsoft deck opdroe wäert, a Neierungen am Sekonnentakt bidde wäert.
Wat kéint presentéiert ginn?
Detailer zu der neier Xbox, Gears 5, Sea of Thieves, Ori and the Will of the Wisps

Nintendo: Datum an Auerzäit nach onbekannt
Wat kéint presentéiert ginn?
Nei Nintendo Switch-Modeller, Pokémon Sword & Shield, Animal Crossing, Luigi's Mansion 3, The Legend of Zelda: Link's Awakening, Fire Emblem: Three Houses, Astral Chain

Bethesda: Méindeg, den 10. Juni um 2.30 Auer
Wat kéint presentéiert ginn?
Doom Eternal, Wolfenstein: Youngblood, Fallout 76-Update
Wat gëtt NET presentéiert?
The Elder Scrolls 6, Starfield
Bethesda
Ubisoft: Méindeg, den 10. Juni um 22 Auer
Wat kéint presentéiert ginn?
Neie Splinter Cell, Assassin's Creed Vikings, Skull & Bones, Beyond Good and Evil 2
ubisoft
Square Enix: Dënschdeg, den 11. Juni um 3 Auer
Wat kéint presentéiert ginn?
Final Fantasy 7-Remake, The Avengers Project
Square Enix
Electronic Arts (EA): EA Play vum 7.-9. Juni
Wat kéint presentéiert ginn?
Star Wars Jedi: Fallen Order, FIFA 20
EA
PC Gaming: Méindeg, den 10. Juni um 19 Auer
Wat kéint presentéiert ginn?
World of Warcraft, League of Legends, Hardware, Grafikkaarten
CD Projekt Red: Datum an Auerzäit nach onbekannt
Wat kéint presentéiert ginn?
Cyberpunkt 2077