Grond dofir ass net, dass den Handheld sech net gutt géif verkafen, ma zwou nei Switch-Versiounen si geplangt, déi d'3DS iwwerflësseg géif maachen.

2019 wäerten aller Viraussiicht no zwou nei Versioune vun der Nintendo-Switch erauskommen. Eng dovunner soll dann och eng méi kleng, ofgespeckte Versioun sinn, déi keng Verbindung mat der Tëlee kann opbauen. Dëst gëtt jo am Moment nach mat der Docking-Station realiséiert.

Dobäi kënnt, dass Nintendo fir d'3DS keng Spiller méi geplangt huet, Software fir 3.-Ubidder sollen awer nach erauskommen, esou Nintendo an engem Interview mat der Zeitung Kotaku.

Bei der neier Versioun vun der Switch, dierften d'Joy-Cons wuel fest agebaut sinn, kënnen also net erofgeholl ginn. Dobäi kënnt, dass een dëse Switch wuel e méi décken Akku dierft abauen, fir d'Dauer dovunner an d'Luucht ze setzen.