E Mëttwoch gouf deen éischten Gameplay vun Borderlands 3 gewisen an weider Infos sinn verëffentlecht ginn.

Een neie Planéit mam Numm "Promethea" ass dobäi wou ënnert anerem de Charakter "Rhys" aus Tales From The Borderlands dobäi ass. D'Sanctuary 3 ass äert Raumschëff, dat och gläichzäiteg är Basis ass.

D'Raumschëff ass do fir tëschent de verschiddene Planéiten ze switchen. Äert Transportmëttel ass och elo äre Schnellreisepunkt, dat ganzt soll sech vill besser steiere wéi am zweeten Deel. Nei Waffen, wéi zum Beispill eng Pistoul déi Kugele schéisst a bis ëm d'Ecker Géigner verfollegt.

Dann huet een e Maschinnegewier, dat zu engem mobille Geschützturm gëtt an eng Minigun, déi ee mat engem Knäppchen als Granatewerfer ëmwandele kann. Gearbox huet d'Waffegeräischer an d'Effekter enorm verbessert. Et gi 4 nei Helden am Spill, déi alleguerten 3 Fäegkeeten zur Auswiel hunn, déi ee permanent wiessele kann.

Et ginn och Skilltrees, wou nach weider Skills a Verbesserunge kënne gemaach ginn. Borderlans 3 kënnt den 13. September fir PS4, Xbox One a PC eraus.