D'Serien Fans vun Vikings kéinten am neien Assassins Creed op hieren Goût kommen... Den neien Assassins Creed gëtt vun Ubisoft Montreal entwéckelt.

Momentan steet den neisten Assassins Creed Ragnarok nach ënnert dem Code Numm "Kingdom". D'Spill soll 2020 och scho fir Next-Gen Konsole kommen! Den Haaptcharakter ass ee Partner vum Ragnar Lothbrok a soll beim Opbau vun der "Great Heathen Army" hëllefen.

D'Kaart ass a verschiddenen "Königreiche" agedeelt, déi ganz Groussbritannien, Dänemark, Schweden, Norwegen a Finnland ëmfaassen. Dës "Königsreiche" sinn a verschidde Regiounen agedeelt an deenen sech Siidlunge befannen. Et ginn nees Eruewerungsschluechte wéi bei AC Odyssey.

D'Spill soll ee Coop-Modus hunn a ka fir Niewenquests an Erfuerschunge genotzt ginn. RPG-Elementer a Kämpf mat Schëffer kommen zréck. Den neien Assassins Creed gëtt vun Ubisoft Montreal entwéckelt.