Gutt Nooriichten fir Playstation Gamer: Vu Juli un kënnt de bekannten EA Access, deen et ënnert anerem um PC an Xbox gëtt, och fir PS4 eraus.

EA Access ass een Abonnement deen natierlech kascht. Pro Mount bezilt een entweder 3,99€ oder ee Joresabonnement fir 24,99€. Duerch EA Access huet een Zougang zu sämtlechen EA Spiller.

„Play-First-Trials“ erlaabt et bis zu 10 Stonnen Zougang op nei Spiller ze hunn déi eraus kommen. Fir FIFA 20 zum Beispill wäert dat de Fall sinn.

Et kritt een 10% op allen digitalen EA Produkter. Fir de Launch ass souguer Anthem, Battlefield V , Madden 19, Burnout Paradise Remastered, Titanfall 2, Mass Effect Andromeda, Sims 4 a vill weider Spiller dobäi.