Ënnert anerem zockt hie Games wéi Battlefield 1, Fortnite, GTA 5, Raceroom Racing Experience a World of Tanks.

De Lëtzebuerger Youtube-Kanal "Addes Gaming" (an däitscher Sprooch) gouf den 1. Januar 2019 vu Adrien Kohn gegrënnt ginn, den éischte Video ass den 12. Februar eropgeluede ginn.

"Ech war als jonkt Kand ni a Kontakt mat elektreschen Apparater, well meng Eltere géint Video-Spiller a Co. waren. Allerdéngs, hunn ech virun 3 Joer e PC krit, an hu mech an deene folgenden 2 Joer am Gaming, Schneit-Programmer an allgemeng Netzwierker „spezialiséiert“.", esou den Adrien Kohn.

Duerch Motivatioun vu verschidde bekannte YouTuber, huet hie festgestallt, datt een op seng eegen Aart a Weis an senger eegener Perséinlechkeet eng ganz Partie Zuschauer ënnerhale kann.

Puer Joer virdrun, am Joer 2013 hat dem Adrien säi beschte Kolleg en Tumor, wat dozou bäigedroen huet, datt hien där Persoun gären eng Freed maache géif. Fir sengem Kolleg ënnert d'Äerm ze gräifen, huet de Lëtzebuerger Youtuber dohier decidéiert, Geld iwwert säin Channel ze sammelen, déi him dann zu Gutt kommen.

Ënnerstëtzt den "Addes Gaming" a kuckt iech hei seng Videoen un, respektiv abonnéiert de Kanal vum jonke Lëtzebuerger. Och op Twitch respektiv op Instagram (AddesGaming) ass de Lëtzebuerger Streamer aktiv.

P.S. ech streamen och op TWITCH ennert dem pseudo Addes_Gaming An sin op Instagram als AddesGaming aktiv!

Ënnert anerem zockt hie Games wéi Battlefield 1, Fortnite, GTA 5, Raceroom Racing Experience a World of Tanks.