An sech muss ee bei Pokémon Sleep genee de Géigendeel vun deem maachen, dat ee bei Pokémon Go gemaach huet, nämlech näischt ausser schlofen.

Am Joer 2016 huet Nintendo Pokémon Go erausbruecht an domadder d'Trëppelen an seng Ëmgéigend méi spannend gemaach. Elo wëll een dat selwecht fir d'Schlofe maachen.

Wéi Polygon matdeelt, soll d'App am Joer 2020 erauskommen a soll, wéi de Numm et scho seet, de Schlof vum User iwwerwaachen an dësen dobäi belounen. Wéi de CEO vun der Pokémon Company Tsunekazu Ishihara seet, wier d'Konzept vum Spill esou, dass d'Spiller sech Moies freeën, fir opzestoen. Wat genee d'Konzept awer vum Spill ass a wéi et funktionéiere soll, ass nach net wierklech kloer. Et ass denkbar, dass ee Belounungen oder Avantagë bei Pokémon Go kéint kréien.

Dass dat Ganzt mat Pokémon Go gekoppelt ass, weist och de Release vun engem neien Apparat mam Numm "Pokémon Go Plus +. Dësen Apparat kann de Schlof iwwerwaachen an iwwerdréit Informatiounen direkt op d'App. Am Kader vun dësem Announcement, fënnt een dann och nach bis den 3. Juni 2019 extrem vill Relaxoen déi schlofe bei Pokémon Go.