Let’s Sing 2020 bitt souwuel Fans vu Klassiker eppes,ma och aktuell Lidder aus den Charts kënnen ausgewielt ginn.

Wie scho mol eng Kéier an enger Karaoke-Bar war, weess, dass dëst en absolutte Stëmmungsgarant ass. Mat Let’s Sing 2020 fir d’Konsol ass dat elo och doheem an de 4 Wänn méiglech, dat mat Lidder vu Nena, Robbie Williams, Spice Girls, Imagine Dragons a Co.

Let's Sing 2020 - Reportage David Winter

Let’s Sing 2020 bitt souwuel Fans vu Klassiker eppes, wéi hei am Hannergrond „Wannabe“ vun de Spice Girls, ma och aktuell Lidder aus den Charts kënnen ausgewielt ginn. Ma och Leit vun däitscher Musek komme mat Nena, Silbermond oder Clueso op hir Käschten.

Mat am ganze 35 Lidder huet een e gelongene Mix aus Klassiker, internationale Staren an och bekannte Kënschtler aus Däitschland.

Bis zu 4 Spiller kënne mateneen hiert Gesangstalent op d’Rpouw stellen, dat mat Hëllef vun engem Mikro, deen am Spill inclus ass, oder mat der Let’s Sing App. Wien d’Nouten am geneesten trëfft, kritt zum Schluss den Highscore a kann d’Partie fir sech dediéieren.

Dernieft bitt d’Spill nach 6 verschidde Spilloptiounen un. Ënnert anerem ka mat Hëllef vu Mini-Spiller an Ekippe gesonge ginn. Hei kënnen da bis zu 8 Persoune matmaachen.

Wiem déi 35 Lidder déi am Spill inclus sinn, iergendwann eng Kéier net sollten duergoen, dee kann sech och wieder Lidder aus dem Online-Store lueden, dorënner och eng Best of 90’s Lëscht zum Beispill.

Wien also e wéineg Talent huet oder einfach Spaass bei Karaoke huet, dee ka mat Let’s Sing 2020 absolut säi Spaass doheem hunn, dat ebe virun allem mat e puer Kolleegen, géint déi een untriede kann.

Mier verspillen dann och 1x Let’s Sing 2020 fir d’Nintendo Switch, dat mat 2 Mikroen direkt dobäi, dass een och direkt lassleeë kann. Alles wat der dofir maache musst, ass op RTL.lu an d’Rubrik Gaming goen an do bei eiser Ëmfro matmaachen, mat e wéineg Chance, kënnt dir iech äert Spill da sécheren.