Metacritic ToplëschtSquare Enix war 2025 de beschte Videospill-Publisher

Steven Milbert
Zënter 16 Joer vergëtt "Metacritic", déi bekanntste Bewäertungsplattform fir Videospiller, Präisser fir déi beschte Publisher vu Videospiller.
© Square Enix Co., Ltd

Fir dëst kënnen ze decidéieren, kuckt d’Plattform, wéi eng Spiller am jeeweilege Joer op de Marché komm sinn a wéi eng Bewäertungen dës Spiller souwuel vun der Press ewéi och vum Public kruten, fir um Enn soen ze kënnen, wien dann dee beschte Publisher war.

Am Mäerz gouf elo decidéiert, datt den Titel vum Publisher vum Joer 2025 un déi japanesch Entreprise aus Tokyo, Square Enix, goe wäert. Et ass fir déi éischte Kéier, datt d’Entreprise dës Auszeechnung kritt. Domadder stéisst de japanesche Publisher SEGA vum Troun, deen dësen Titel am Joer 2024 krut huet. Am Allgemenge fält op, datt den Titel staark an den Hänn vun der japanescher Videospill-Industrie läit, esou konnten zënter 2010 och schonns Nintendo a Capcom dësen Titel eng sëllege Kéiere fir sech an Usproch huelen.

Laut Metacritic hätt Square Enix sech den Titel fir hir sëlleg Verëffentlechungen am Joer 2025, déi alleguer formidabel Bewäertunge krut hunn, och verdéngt gehat. Ze nenne wieren hei virun allem d’Spiller Final Fantasy Tactis, Final Fantasy VII Rebirth, d’Remakes vun Dragon Quest, de Remastered vu SaGa Frontier 2 oder Octopath Traveler 0. Alles Videospiller, déi wuel oder iwwel zu de Beschten aus dem Joer 2025 gehéiere géifen, esou Metacritic.

Back to Top
CIM LOGO