Nëmme fir kuerz ZäitPop-Up-Store vun Nintendo zu Bochum

Steven Milbert
Bis elo hunn d'Fans vu Mario a Co. ëmmer neidesch op Japan an d'USA musse kucken, wann et ëm Merchandising gaangen ass. Domat ass op mannst fir kuerz Zäit elo Schluss.
Fans vu Super Mario a Co. hunn zu Bochum Rendez-vous
© Nintendo

Zënter dem 19. Mäerz 2026 huet zu Bochum am Westfield Ruhr Park e Pop-Up-Store vun Nintendo opgemaach. An dësem hunn d’Fans vum roude Blechschléier d’Méiglechkeet, fir exklusiv Merchandise-Produiten ze kafen, déi et bis ewell nach net an Europa gouf. Dobäi ass et awer net déi éischte Kéier, datt esou e Shop seng Dieren an Europa opmécht. Mä all ze dacks war dëst awer och nach net de Fall. Just de Londoner war et bis ewell vergonnt, an de Genoss vun esou engem Shop ze kommen.

Fans, déi elo extra de Wee an d’"Revier” op sech huelen, erwaart op der Plaz eng breet Panoplie un Nintendo-Produiten. Vu Stoftdéieren, iwwer Videospiller, bis zu Kleeder, Sammelfiguren an Objeten, déi een am Alldag gebrauche kann, ass alles dobäi, wat d’Nintendo-Häerz begiert.

© Nintendo

Doriwwer eraus gëtt et fir d’Spiller vu Pikmin Bloom och nach en Extra-Goodie. Wann d’Spiller un engem virtuelle Spadséiergang deelhuelen, kréien dës en Notizblock am Pikmin-Stil geschenkt.

Wien elo nach intresséiert ass, fir op Bochum ze fueren, fir op Shopping-Tour ze goen, dee muss sech allerdéngs begannen. De Shop huet just nach bis den 11. Abrëll op, duerno wäert en nees aus dem Bochumer Westfield Ruhr Park verschwannen. De Shop huet vu méindes bis samschdes op, tëscht 10.00 an 20.00 Auer.

Back to Top
CIM LOGO