Dass Lëtzebuerg an de leschte Joren ëmmer méi an der Videospillwelt matspillt, weist d'Beispill vun "Dying is dangerous".

De Lëtzebuerger Laurent Seve huet nämlech elo ganz rezent d’Musek fir d’Videospill „Dying is dangerous“ geschriwwen a komponéiert. D’Spill ass ufanks dës Joer erauskomm an ass fir d’Nintendo Wii U ze kréien a geschwënn och fir déi aktuell Xbox.

Soundtrack fir "Dying is dangerous" - Reportage David Winter

2013 huet de Lëtzebuerger Museker Laurent Seve aka Steve Laurent de Jérôme Labbé, den Entwéckler vum Spill, an der Chambre de Commerce getraff. Hei huet de Jérôme Labbé säi Spill „Frenchy Bird“ virgestallt. Deemools huet de Laurent Seve fonnt, dass d’Musek fir dëst Spill extrem repetitiv wier. Majo kuerz drop gouf hien dunn vum Entwéckler gefrot, fir eventuell de Soundtrack fir dat neit Spill aus dem Entwécklerstudio "CarbonFire Studio" ze schreiwen.

Net laang iwwerluecht, huet hien sech dunn erugemaach an eng kleng Demo komponéiert. Wichteg war et fir d'Entwéckler, dass d’Spill eben e wéineg den Horror-Feeling eriwwer bréngt, passend ebe fir dat neit Spill "Dying is dangerous". Séier waren d’Entwéckler vum Spill iwwerzeegt, a wollten, dass de Lëtzebuerger de komplette Soundtrack fir d’Spill schreift. Wichteg war et, dass d’Lidder e bestëmmte Rhythmus hunn, deen dem Spill entsprécht, dass se kënne geloopted, also an der Schläif ofgespillt ginn an d’Lidder solle wéi gesot d’Thematik vum Horror eriwwerbréngen. Heivir huet de Laurent Seve eng ganz Partie un Horror-Filmer misste kucken a virun allem eben de Soundtrack lauschteren. Et war den Entwéckler wichteg, dass de Soundtrack dee Feeling vun alen Horrorfilmer eriwwerbréngt.

Original-Soundtracks aus dem Spill:

Dying is dangerous Level 1 Soundtrack
Dying is dangerous Level 2 Soundtrack
Dying is dangerous Boss-Level Soundtrack

Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt mat e wéineg Chance 1x "Dying is dangerous" fir d'Nintendo Wii U:

Et goufen dann och verschidde Versioune vu Lidder geschriwwen, dat fir déi verschidden Niveaue vu Levelen an natierlech d’Boss-Kämpf. Dobäi kommen dann och nach Cut-Zeenen an en Trailer, an deene jo och muss Musek virkommen. Majo och d’Soundeffekter vun Zombien oder Fraen déi jäizen zum Beispill, komme vum Steve Laurent.

De Museker gouf dann och scho fir e nächste Projet fir e Videospill gefrot, hei soll et sech awer net ëm e Spill am Horror-Genre dréinen, mä et soll e Kampfspill sinn. Et dierf ee gespaant sinn.

De 16. Januar ass "Dying is dangerous" fir d‘Wii U erauskomm a wäert och an de nächste Woche fir d’Xbox One X erauskommen.