Nei Zuelen iwwert d'Leeschtung vun der Microsoft-Konsol publizéiert

© Screenshot Microsoft
Microsoft huet iwwert hire Blog technesch Detailer iwwert déi nei Konsol bekannt ginn a confirméiert domadder Spekulatiounen.
De Microsoft Xbox-Chef Phil Spencer huet dës Zuelen en Dënschdeg bekannt ginn a confirméiert domadder Spekulatiounen déi zënter laangem zirkuléieren.
Déi nei Next-Gen.Konsol huet deemno eng theoretesch Recheleeschtung vun 12 TeraFLOPs (TFLOPS FP32) an de sougenannte Raytracing. Am Verglach, dat ass locker 2x sou performant wéi d'Xbox One X.
Hei weider Detailer:
- AMD Zen-2-Prozesser mat GPU op Basis vun der RDNA2-Architektur, 12 TFLOPs
- Variabel Rate Shading (VRS)
- DirectX Raytracing (DXR)
- SSD-Späicher, HDMI 2.1
- 120-fps-Support
D'Xbox Series X soll dem Phil Spencer no mat engem modifizéierten AMD Zen-2-CPU equipéiert sinn an entsprécht domadder den aktuelle Ryzen-3000-Prozesseren. Den CPU selwer soll ganzer 4x méi séier si wéi d'Xbox One.
Punkto Grafikkaart soll dat ganzt op der Archtektur vun der RDNA2 vun AMD baséieren an 12 TFLOPs u Recheleeschtung generéiere kënnen. (56 Compute UNits / 3.584 Rechekären) Domadder ass 4K-Opléisung an eng flësseg 60fpd Leeschtung guer kee Problem.
DirectX Raytracing suergt da fir komplett reell Beliichtung, akkurat Reflexiounen an extrem realistesche Sound.
Punkto Präis dierft e Präis vu 500€ méi wéi realistesch ze sinn, et gëtt hei awer nach keng Confirmatioun.