Insider-Informatiounen no soll de Präis wéinst der Kris am Moment beaflosst ginn.

Geschwënn ass et souwäit: de Release-Dag vun de neien Next-Gen-Konsole steet virun der Dier. Ma wou awer souwuel bei Sony, wéi och bei Microsoft a punkto Präis nach näischt Offizielles gesot gouf, schéngen et awer elo kloer Indice ginn, dass de Präis manner héich ausfält, wéi dat ufanks ugeholl gouf.

Aus engem neie Finanzbericht vum Analyst Piers Harding-Rolls vum Londoner "Ampere Analysis" ervir, dass hie béid Konsole bei engem Präis tëscht 450 a 500 US-Dollar géif astufen. Also ëmgerechent tëscht 415 a 500 Euro, wat däitlech ënnert den Erwaardunge vun de Fans dierft leien.

Well awer dacks d'Präisser aus den USA 1:1 an Europa iwwerholl ginn, dierft een tëscht 450 a 500€ fir dat gutt Stéck musse berappen.

De Grond, wisou sech Sony a Microsoft sou vill Zäit loossen, ass méiglecherweis, well een deen anere wëll fir loossen, fir dann dono de Präis z'adaptéieren, dass een da mat engem bessere Präis do steet.

Et ass ze bedenken, dass bei dësem Bericht Ampere Analysis op déi wirtschaftlech Situatioun wéinst dem Coronavirus ageet. An dëst kéint dem Analyst no däitlech op de Präis vun de Konsolen am Dezember 2020 awierken an esou de Client zu gutt kënnt.

Allerdéngs warnt de Bericht och, dass et wéinst der Kris bei der Produktioun vun der PS5 an der Xbox Series X zu Liwwer-Enkpäss komme kann an doduerch d'Produktioun méi lues leeft wéi geplangt.

D'Firma Bloomberg geet an deem Fall da souguer dovunner aus, dass grad dann d'Präisser klammen, well déi éischt Méint nëmmen eng limitéiert Unzuel u Konsole kënnen ausgeliwwert ginn, sou dass d'Demande vill méi Héich ass, wéi deen Ament d'Offer.