An enger spezieller Editioun vun Inside Xbox de 7. Mee, wäert et ënner anerem Biller vum neien Assassin's Creed Valhalla ginn.

Wéi en Insider mellt, solle bei dësen Traileren och Spiller presentéiert ginn, déi bis ewell nach onbekannt waren. Et gëtt sech op alle Fall op Third Party-Spiller konzentréiert. Ënnert anerem gëtt spekuléiert, dass niewent Ubisoft och eventuell EA e neien Titel virstelle kéint.

Assassin's Creed Valhalla steet op alle Fall sécher um Menü.

Spiller iwwert déi et Spekulatioune ginn, dass se presentéiert ginn ass e neit Batman-Arkham-Spill mam Numm "Court of Owls", Dying Light 2 oder Lords of the Fallen 2.

First Party-Spiller sinn iwwregens sécher net inclus bei dëser Presentatioun. Eng eegen Trailer-Show soll dofir am Summer ginn.

De Stream selwer wäert en Donneschdeg de 7. Mee um 17 Auer lancéiert ginn a kann op de Channels vu Microsoft op Youtube, Twitch etc... suivéiert ginn.