Epic huet dës Woch d'Unreal Engine 5 presentéiert. 2021 soll déi nei Engine erauskommen.

Epic huet déi éischten Tech-Demo vun der neier Unreal Engine 5 gewisen, déi op der Playstation 5 leeft. Am Video vu knapp 9 Minutte kritt een en Avant-Goût op dat, wat déi nei Next-Gen-Konsol wäert ofliwwere kënnen. Hei kritt een extrem detailléiert Landschafte mat faszinanten Detailer, Partikel-Effekter a nei Physikssystemer gewisen.

D'Demo leeft dann och an Echtzäit of an ass net virgerendert. De Kim Liberi vun Epic huet och confirméiert, dass dës genee esou 1:1 op engem PS5-Devkit ka gespillt ginn.

Kuckt iech den Trailer mat eegenen Aan un:

Wéi et vun Epic heescht, wier mat der neier Unreal Engine méiglech fir Fotorealistesch Videospiller duerzestellen.

Nanite a Lumen sinn dann och déi 2 Haaptelementer vun der neier Engine. Beim Nanite geet ëm d'Grafik selwer, also ëm Milliarde vu Polygonen déi an Echtzäit sech importéiere loossen an esou nach ni gesi Grafiken erschafe kann.

Bei Lumen geet et reng ëm d'Beliichtungstechnik. Hei kann op all méiglech Ännerungen a Spigelunge vun der Luucht reagéiert ginn.

Enn 2021 soll dës Engine op de NextGen-Konsolen, awer och op PC oder Smartphone kënne lafen.