Wien allerdéngs elo mengt och esou eppes Seelenes nach iergendwou um Späicher leien ze hunn, dee sief virgewarnt...

Dass Videospill-Artikelen, Kaarten an aner Collectibles vill wäert kenne ginn ass ons spéitstens bewosst, säitdeem eng Pokémon-Sammelkaart fir 80.000 Euro verkaaft ginn ass.

Des immens Zomm konnt elo awer op enger Auktioun vum Auktiounshaus Heritage Auctions getoppt ginn. Do ass eng ageschweesste Versioun vum NES-Klassiker Super Mario Bros. 3 ënnert den Hummer komm a konnt en sensationelle Präis vun 156.000 US-Dollar, ëmgerechent 132.000 Euro, erreechen.

Wien allerdéngs elo mengt och esou eppes Seelenes nach iergendwou um Späicher leien ze hunn, dee sief virgewarnt. D’Spill hat en klenge Schéinheetsfeeler an dofir konnt et esou een héische Präis erreechen. Éischtens war den Zoustand vum Spill a senger Verpackung exzellent, mä de Layout vun der Verpackung hat och nach eppes Spezielles Opweises. Op der Spillkëscht ass d’Wuert „Bros“ méi wäit lenks opgedréckt soudass doduerch ee vun dem Mario senge wäissen Händsche bedeckt gëtt. Dëse Feeler, wann een esou well, ass nëmme ganz seele virzefannen, an en ass Nintendo och just ganz am Ufank vun der Produktiounsgeschicht vu Super Mario Bros. 3 geschitt.

Wéi gesäit et bei Iech aus? Hutt dir villäicht och déi seele Fassung vum Spill an dir wosst bis elo net, dass et déi iwwerhaapt géif ginn? Loosst eis et wëssen!