Géint 23 Géigner ass den Daniel Araujo am eFootball zu Eilat an Israel ugetrueden, wou et ëm näischt manner wéi de Weltmeeschter-Titel gaangen ass.

Schlussendlech huet de Lëtzebuerger eng staark Performance wärend den 2 éischten Deeg geliwwert a konnt all seng Matcher gewannen.

Am éischte Match vun de beschte 5 Spiller ass de Lëtzebuerger géint de spéidere Weltmeeschter Rati Nanava aus Georgien ugetrueden a konnt sech hei net duerchsetzen.

Domadder kënnt den Daniel "Diffside45" Araujo op eng exzellente 5. Plaz op der

Top 5 des Championnats du monde d'eFootball de l'IESF:

1. Rati Nanava, Géorgie
2. Celic Hernández, Mexique
3. Jose Carlos Sánchez Guillén, Espagne
4. Raffaele Pagliuca, Italie
5. Daniel Araujo, Luxembourg

Fir déi nächst Kompetitiounen am eFootball géifen d'Organisatioune bei der LESF scho lafen.