2022 wäert net nëmmen en gutt Joer fir d'Supportere vun de Klemmbausteng ginn, mä och fir eeben déi wou eng grouss Passioun fir Videospiller deelen.

Nodeems LEGO fir d’Joer 2021 ganzer 6 nei LEGO-Mario-Sets an ee ganz neit Set u LEGO-Mario-Character-Packs ugekënnegt hat, gouf elo direkt zum Ufank vum neien Joer eng weider Videospill-Serie op de Marché bruecht. Riets ass dobäi vum Super Mario-Erweiderungsset am Stil vu Luigi's Mansion. Insgesamt goufen 3 Sets vum Mario sengem klenge Brudder verëffentlecht. Esou kënnen sech d'Fans vum grénge Blechschléier op dem Professer I-Gidd säi Labo, dem Luigi säi Schreckweg, dem Luigi säin Uwiesen an op dem Kinnek Buu-Huu säi Paradäis freeën.

RTL

© The LEGO Group

Donieft goufen awer nach weider LEGO-Sets zu de Blechschléier-Bridder verëffentlecht. Esou gouf en weidert Set u LEGO-Mario Character Packs ugekënnegt souwéi och dräi weider LEGO-Mario-Sets. Esou ass et mat deene Sets elo méiglech d'Strand-Welten aus dem Super Mario-Universum nozebauen.

RTL

© The LEGO Group

Mä net nëmmen d'Mario-Fans komme bei LEGO op hier Käschten. Och fir d'Fans vu SEGA a vum schnellsten Igel op der Welt gouf virgesuergt. Esou huet LEGO virun e puer Deeg e LEGO-Set vum Sonic the Hedgehog verëffentlecht. Wéi mir am Februar scho gemellt hunn, handelt et sech dobäi em déi allsäits bekannte Green Hill Zone aus de gängege Videospiller. D'Set kann een sech bis ewell ausschliisslech am Online-Shop vu LEGO kafen, allerdéngs geet een dovun aus, datt een d'Set och deemnächst an de Butteker fanne wäert.

RTL

© The LEGO Group

Dës Ëmsetzung hunn mer dem 24-Joer-ale Viv Grannell aus Groussbritannien ze verdanken. Si huet d’Green Hill Zone mat LEGO nogebaut an hiren Entworf op LEGO Ideas gestallt. Op dësem Site krut si dunn esouvill Zoustëmmung, datt LEGO sech gemellt huet, fir de Projet kommerziell ëmzesetzen. Laut dem LEGO-Designer Sam Johnson wär et LEGO wichteg gewiescht, de Spaass, deen d'Gamer hunn wann se Sonic-Spiller spillen, mat an hiert Set ze transportéieren.

Op der offizieller Website vu Lego gëtt hie wéi follegt zitéiert:

„So gut wie jeder, der in den letzten 30 Jahren Videospiele gespielt hat, kennt und liebt Sonic – und ist wahrscheinlich mit ihm durch die unvergessliche Green Hill Zone gerast. Wir haben dieses Set so gestaltet, dass es genauso farbenfroh und spaßig ist wie die Version der Green Hill Zone im Spiel – und es dann mit vielen Easter-Eggs und sogar Preisen gefüllt, damit die Fans einige ihrer beliebtesten Spiele-Ikonen auf eine ganz neue Art und Weise genießen können.“

RTL

© The LEGO Group

Esou kommen direkt zum Joresufank 8 nei LEGO-Gaming-Sets op de Marché an et kann een dovun ausgoen, datt des Sets net déi Lescht fir dëst Joer gewiescht sinn.

Wat sot dir zu den néie Sets? Ass fir Iech eppes Interessantes dobäi oder sidd Dir guer net interesséiert un Videospilladaptatioune vu LEGO? Loosst eis et wéi ëmmer wëssen!