Dat huet de CEO vu Warner Interactive, den David Haddad, an engem Interview mat "Variety" versprach.

Hogwarts Legacy war zejoert e risege kommerziellen Erfolleg, d'Spill gouf bis Enn dës Joers ronn 22 Millioune mol verkaaft. Majo an den nächste Joren dierf een sech als Fan op weider Spiller ëm den Harry Potter an Hogwarts freeën.

Ee Spill dat jo schonn annoncéiert gouf ass "Harry Potter: Quidditch Champions", eppes dat jo bei Hogwarts Legacy gefeelt huet.
Majo et géif awer un neue Contenue geschafft ginn, déi d'Fans nach méi déif an d'Welt vum Harry Potter andauche loossen. Virun allem verschidde Charaktere sollen esou weider ausgebaut ginn.

Wéi eng Spiller genee bei Warner an der Maach sinn, gëtt een allerdéngs am Interview mam David Haddad net gewuer.