Mat wäit iwwert enger Millioun aktive Spiller ass "Palworld" definitiv eng Iwwerraschung op Steam.

Den Hype vun de Fans war grouss, majo mëttlerweil ass et op Steam ze kréien an d'Reaktiounen drop waren, wéi z'erwaarden, positiv, dat och wann et elo am Ufank nach eng Partie Glitchen a Feeler am Spill ginn. D'Indie-Game-Community steet op alle Fall voll a ganz hannert dem Spill vu "Pocket Pair, Inc.".

Op Steam huet d'Spill et elo och gepackt, iwwer 1 Millioun gläichzäiteg Spiller ze verzeechnen, dat an der Woch vum Release. Hei muss een nach bedenken, dass d'Spill nach Early Access ass a ronn 26 Euro kascht. Ma wéi et schéngt, stéiert dat d'Gamer net wierklech.

Och d'Reviews op Steam sinn dann zum gréissten Deel positiv. Ob Palworld awer laang op Steam wäert sinn, ass net sécher, vu dass jo säitens Nintendo Virwërf vu Plagiat an der Loft hänken. Dass d'Spill effektiv vill Elementer aus der Pokémon-Serie vun Nintendo deelt, ass net vun der Hand ze weisen. D'Kritik hält sech bis elo haartnäckeg.

Ma sou oder sou mécht d'Spill sech beim Verkaf méi wéi gutt. Spiller wéi Cyberpunk 2077, Baldur's Gate 3 oder Elden Ring huet Palworld längst wäit hannert sech gelooss op Steam. Fir de Rekord geet dat allerdéngs net duer. De Rekord vu PUBG aus dem Joer 2018 ass a bleift bis ewell ongebrach. Hei goufen et zäitweis 3,2 Millioune gläichzäiteg Spiller, e Rekord, deen och fir Palworld wuel net einfach ze knacke gëtt.