"Star Wars Outlaws" kënnt gutt ouni déi gewinnte Liicht-Schwäerter aus

© Ubisoft
D'Star Wars Serie huet an de leschte Joren stiermesch Zäiten duerchlieft, virun allem nodeems Disney sech d'Franchise ënnert de Nol gerappt huet...
Dass d'Serie sech deels anescht entwéckelt huet, wéi d'Fan-Community sech dat erwaart oder erwënscht huet, ass näischt Neies. Vill Leit, dorënner och ech selwer, sinn natierlech da besonnesch skeptesch, wann e Spill erauskënnt, dat eng Partie nei Weeër mat Ubisoft goe wëll.
Dës Kéier steiert de Spiller nämlech keen Jedi mat engem Liichtschwäert, ma d'Story dréit sech ëm d'Kay Vess, enger Gaunerin, déi sech an enger dann dach zimmlech krimineller Ënnerwelt, duerchkämpfe muss. D'Aventure vum Kay a sengem Begleeder Nix fänkt an der Stad Canto Bight op Cantonica un, der Heemecht vun eiser Protagonistin. Am Laf vun der Story kritt d'Kay ëmmer méi Problemer, well et verschiddenen düstere Geselle e Koup Geld schëlleg ass, ma d'Beschafe vun dësem Geld nëmmen nach méi Problemer mat sech zitt. Ënnert anerem mat engem geklaute Raumschëff, mécht een sech mam Kay also op d'Rees duerch d'Galaxie an déi verschidde Planéitesystemer, fir do an de kriminellen Ënnerwelten ënnerzedauchen a Missioune fir déi verschidde galaktesch Karteller z'erleedegen.
An dat mécht och tatsächlech Spaass, dat virun allem, well Ubisoft hei eng deels aner Aproch huet, wéi een dat vum Publisher normalerweis gewinnt ass, virun allem a Kombinatioun mat der Franchise Star Wars. Aanescht ass einfach d'Aart a Weis, wéi ee sech duerch déi dacks enk Gaassen a verwénkelt Passagen duerchkämpft, nämlech beschtefalls am sougenannte "Stealth"-Mode, also sou, dass ee méiglechst onerkannt, respektiv onentdeckt bleift. Et kann een zwar och op déi gutt al "Call of Duty"-Manéier duerchstiermen, ma d'Spill ass awer effektiv esou designed, dass een sech méi Gedanke maache muss, wéi ee vun A op B kënnt an dobäi sou onopfälleg wéi méiglech ze bleiwen. Entdecken een d'Géigner, gëtt de Spillverlaf nämlech oft vill méi brenzeleg fir de Spiller an d'Chance klammen, dass een d'Situatioun net ouni e Bobo iwwersteet.

© Ubisoft
Mat bis zu 60 Stonne Spillzäit, d'Niewemissioune mat akalkuléiert, huet d'Spill dann och eng beträchtlech Längt, déi een notze kann, fir déi wierklech erstaunlech facettëräich Welten a Charakteren, virop natierlech säin tréie Begleeder Nix, kennenzeléieren. Och d'Story ass erstaunlech gutt, virun allem wann ee bedenkt, dass eng gewësse "fatigue" fir de Kanon vu Star Wars no de Jore bei sou munchem Fan dierft bestoen. Dës Story koppelt sech nämlech staark vum Star-Wars Kanon of. Et spillt zwar an der Welt vu Star Wars, ma wierklech eppes driwwer wësse muss een an sech net, fir d'Geschicht komplett als geschlossen Handlung ze verstoen an och ze genéissen. Wéi ëmmer ass et natierlech net vun Nodeel, Expert an der Matière ze sinn, fir mol deen een oder anere Clin d'œil am Spill matzekréien. Och hei eng positiv "Erfrëschung", wat d'Story betrëfft.
Intressant am Spill ass, dass ee fir verschidde kriminell Syndikater Missiounen an Opträg erfëlle kann. An hei ass et ausschlaggebend, mat wéi enge Clanen ee sech méi zesummendeet a vu wéi enge Banden een sech eventuell éischter distanzéiert. D'Verhältnis zu de Gruppéierungen definéiert nämlech spéider de Spillverlaf staark. Decisiounen am Spill hunn also hei effektiv gréisser Auswierkungen op de Verlaf vun der Story. Wann ee beispillsweis guer kee gutt Verhältnis mat engem vun de Syndikater huet, muss een sech souguer a Regiounen eraschläichen, déi dëse Clan kontrolléiert. Dës sinn nämlech manner erfreet, wann een dann do opkräizt.
De Fakt, dass et sech bei Star Wars Outlaws net ëm e konventionellt Star Wars-Spill mat Liicht-Schwäerter a Raumschëff-Schlachten handelt, huet mir vu Minutt 1 un näischt ausgemaach, am Géigendeel, et ass flott eng nei Approche vun der Welt z'erliewen. D'Spill mécht einfach direkt enorm vill Spaass och wann een sech domat muss offannen, dass et keng wierklech revolutionär Spill-Neierungen huet a plazeweis eng Zort Assassins Creed-Feeling opkënnt. Dëst ass net onbedéngt vun Nodeel, ma sicht awer eventuell net jiddwereen a sou engem Spill. Et si vill Elementer am Spill, déi al-bekannt sinn, ma gutt mateneen harmonéieren, dat mierkt ee relativ séier an zitt sech och duerch Star Wars Outlaws. Wann dann och nach d'Story passt, huet een eben e gutt Spill, dat sech lount ze spillen an Zäit domat ze verbréngen. Virun allem als Star Wars-Fan, dee keng Loscht huet, alt nees enttäuscht ze ginn.

© Ubisoft
Alles an allem muss een Ubisoft zougestoen, dass ee mat Star Wars Outlaws en absolut gelongene Mix aus de beschten Ingredienten hei presentéiert, deen de Publisher am Moment am Repertoire huet. Mech huet d'Spill op alle Fall iwwerzeegt, och wann ee sech, wéi scho gesot, keng spilleresch Revolutioun erwaarden dierf. Vun eis gëtt et eng stabil 7,4 vun 10.
Sot eis gären an de Commentairen, wat dir vu Star Wars Outlaws haalt!