Pünktlech zur Chrëschtzäit huet Amazon d’Top 20 vun de meeschtverkaafte Spiller am Joer verëffentlecht. Dobäi ass virun allem ee Produzent omnipresent.

Hei déi komplett Lëscht vun den 20 Spiller, déi am meeschte verkaaft goufen:

  1. Super Mario Bros. Wonder (Switch, Nintendo)
  2. The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom (Switch, Nintendo)
  3. Minecraft (Switch, Mojang)
  4. Mario Kart 8 Deluxe (Switch, Nintendo)
  5. Nintendo Switch Sports (Switch, Nintendo)
  6. EA Sports FC 24 (Playstation 5, EA)
  7. EA Sports FC 24 (Switch, EA)
  8. Mario + Rabbids Sparks of Hope (Switch, Ubisoft)
  9. EA Sports FC 24 (Playstation 4, EA)
  10. Mario Party Superstars (Switch, NDcube)
  11. Super Mario Odyssey (Switch, Nintendo)
  12. Animal Crossing: New Horizons (Switch, Nintendo)
  13. Marvel's Spider-Man 2 (Playstation 5, Insomniac Games)
  14. New Super Mario Bros U Deluxe (Switch, Nintendo)
  15. Super Mario RPG (Switch, Nintendo)
  16. Just Dance 2024 (Switch, Ubisoft)
  17. Pikmin 4 (Switch, Nintendo)
  18. Super Mario 3D World + Bowser's Fury (Switch, Nintendo)
  19. Pokémon Purpur (Switch, GAME FREAK)
  20. The Legend of Zelda: Breath of the Wild (Switch, Nintendo)

Opfälleg dobäi ass, datt d’Majoritéit vun de Spiller fir d'Nintendo Switch verëffentlecht souwéi vun Nintendo selwer programméiert gouf. Dëst war och schonns an de Joren 2020, 2021 an 2022 de Fall. Doriwwer eraus fënnt ee ganzer 17 Nintendo-Switch-Spiller an dëser Lëscht erëm. Déi aner dräi Spiller si fir d'Konsole vum Hiersteller Sony erauskomm.

Besonnesch interessant ass de Fait, datt eelef Spiller an dëser Lëscht guer net am Joer 2023 erauskomm sinn, bezéiungsweis verschidde vun dëse Spiller schonn zënter méi wéi sechs Joer um Marché sinn. Allerdéngs gehéiert d'Nintendo Switch, fir déi déi meeschte Spiller op dëser Lëscht erauskomm sinn, zënter Joren zu de beléiftste Konsolen um Marché an d'Verkafszuele vun der Nintendo Switch waren och am Joer 2023 relativ stabil. Dëst kéint erklären, firwat d'Klassiker ëmmer nach an der Lëscht vertruede sinn. Weider goufen d'Spiller, wéi beispillsweis Mario Kart 8 DeluxeMario + Rabbids Sparks of Hope oder och Minecraft am Joer 2023 mat DLC's a gratis Updatë versuergt, soudatt d'Spiller nees toppaktuell sinn. Aus dëser Perspektiv iwwerrascht et e bëssen, datt d'Spill Pokémon Purpur esouwäit ënnen op dëser Lëscht ass, wann ee bedenkt, datt d'Spill 2023 zwee DLC's an eng sëllegen Eventer mat gratis Pokémon spendéiert krut.

Nieft de sëllegen Nintendo-Spiller an den neie Mario- a Zelda-Spiller, ass och dëst Joer nees den obligatoresche Fifa-Ofleeër an der Lëscht vertrueden, deen am Joer 2023 allerdéngs fir d'éischte Kéier mat engem neien Numm, EA Sports FC 24, verëffentlecht ginn ass souwéi den neien Just-Dance-Ofleeër. Nieft Nintendo Switch Sports dierft wuel Mario + Rabbids Sparks of Hope déi gréissten Iwwerraschung op der Lëscht sinn. Béid Spiller goufe vun der Press souwéi vu Fachkreesser an der Videospill-Community allgemeng als zimmlech duerchschnëttlech Videospiller ofgestempelt. Mä beim breede Public schéngen d'Spiller wuel gutt ukomm ze sinn, respektiv ëmmer nach gutt unzekommen. Béid Spiller goufen nämlech schonn zejoert verëffentlecht.

Hätt Dir mat dëser Lëscht gerechent? Wéi eng Spiller hutt Dir vun dëser Lëscht an Ärem Besëtz? A wéi mengt Dir wäert d'Lëscht nächst Joer ausgesinn? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.