Am ganze stoungen nees 5 Spiller um Menü, déi vun enger Jury e Mëttwoch an der "Brasserie du Kirchberg" ugespillt a getest goufen.

E Mëttwoch den Owend gouf elo scho fir déi 6. Kéier d'Lëtzebuerger Bistrospill vum Joer gewielt, dat op Initiativ vum Projet "Wëllkomm" vun der Horesca, dat an Zesummenaarbecht mat der Spillfabrik, déi der Jury dann och um Dag selwer d'Spiller presentéieren an erklären.

An hei gëtt net einfach iergend e Brietspill gekréint, ma et muss ganz spezifesch Kritären erfëllen, fir sech kënne "Bistrospill" ze nennen. Dozou gehéiert, dass eng Partie relativ séier geet, d'Reegelen liicht verständlech sinn an dass een och Loscht huet, eng 2. oder 3. Partie direkt ze spillen. Och soll d'Spill net ze vill Plaz anhuelen.

Bistrolspill 2024 - Reportage Gerard Floener

Aus iwwer 40 Spiller, goufen déi 5 nominéiert Spiller säitens der Spillfabrik erausgepickt, alles wuelverstane Spiller, déi am Laf vun dësem Joer erauskomm sinn. Dëst waren "Schnitzeljagd", "Mind Up", "Klick", "Blockits" an de Gewënner "Quando".

De Gewënner vum Owend

"Quando" ass e klassescht Kaartespill, bei deem et drëms geet, seng Kaarte lasszeginn, fir esou zum Schluss sou mann wéi méiglech Punkten an der Hand ze behalen. Vill Punkten ass nämlech hei net gutt a soll probéiert ginn z'evitéieren. Dobäi kënnt, dass d'Kaarten duebelsäiteg bedréckt sinn, sou dass ee sech dacks decidéiere muss, fir wéi eng Säit vun der Kaart ee sech decidéiert. Hei ass de Mix déi richteger Taktik, heiansdo engem gudde Bluff an e wéineg Risiko wichteg. Virun allem d'Einfachheet vun de Reegelen an de Fakt, dass een encouragéiert gëtt, direkt nach eng Partie ze spillen, hu schlussendlech dozou gefouert, dass Quando d'Bistrospill vum Joer ginn ass.

RTL

© David Winter / RTL

Déi aner nominéiert Spiller

Bei "Schnitzeljagd" handelt et sech em en extrem simpelt Spill, bei deem een sech vu 5 Kaarten en Déier muss eraussichen an aner Spiller friessen, ergo eliminéiere kann. Virun allem d'Einfachheet an de psychologesche Facteur sinn d'Stäerkte vun dësem schéin designte Spill.

RTL

© David Winter / RTL

E weider Kaartespill dann ass "Mind Up", wou et drëms geet, Kaarten a seng eege Reien unzeleeën an esou sou vill wéi méiglech Punkten ze maachen. Den Trick heibäi ass et, dass een net genee weess, wéi eng Kaarten ee kritt, well een sech déi am Grupp vun de Spiller opdeele muss, dat mat engem raffinéierte Mechanismus.

RTL

© David Winter / RTL

Wie Fan vum bekannte Spill "Dixit" ass, fir deen ass da warscheinlech "Klick" dat richteg Spill. Et muss een hei probéieren, seng Kaarten mat verréckte Fotoen drop, bei déi passend Biller vu senge Matspiller ofzeleeën. Dono muss all Matspiller erausfannen, wéi eng Kaarte vun de Matspiller geluecht goufen, a wéi eng Kaart net dozou gehéiert. Virun allem fir Gruppen, déi sech gutt kennen, ass dëst genee dat Richtegt.

RTL

© David Winter / RTL

Fir Leit, deenen Tetris gutt läit, ass dann dat lescht Spill op der Lëscht eventuell dat richtegt. Aanescht wéi beim Videospill, muss ee bei "Klick" seng Stécker op e Blat Pabeier anzeechnen an esou Punkte maachen. Dës kritt een souwuel fir den Asaz vu verschiddene Stécker, duerch konstruéiere vu Linnen an awer och, wann ee Lächer léiss, an déi keng weider Stécker passen. Déi richteg Strategie an e wéineg Gléck bei de Stécker déi ee kritt fir anzesetzen, sinn hei de Schlëssel.

RTL

© David Winter / RTL