Déi weltwäit aflossräichste Videospiller

© AFP
Videospiller hu groussen Afloss op d'Pop-Kultur. Dëst gesäit een an der Moud, Musek souwéi a Film a Fernsee. Mä wéi eng Spiller waren déi aflossräichsten?
Genee dës Fro huet sech d'BAFTA (British Academy Film Television Awards) och gestallt an huet am Virfeld vun der 21. Präisiwwerreechung vun de BAFTA-Awards d'Gamer an d'Gamerinnen op der ganzer Welt no hirer Meenung gefrot.
No dëser Ëmfro hu sech dann Experten zesummegesat an dës hunn aus all den eragereechte Meenungen dann eng offiziell Lëscht zesummegestallt. Dobäi war et fir d'BAFTA essentiel wichteg, fir Spiller aus de verschiddene Videospillgenren dobäi ze hunn. Dëst well ee Videospiller am Allgemengen nëmme schwéier matenee vergläiche kann. Doriwwer eraus weist d'BAFTA och dorops hin, datt jiddereen den Term "aflossräich" anescht versteet an definéiert. Fir si a fir déi meescht Participante géif deen Term awer bedeiten, datt dat jeeweilegt Videospill op seng Aart a Weis déi ganz Zeen beaflosst, respektiv revolutionéiert hätt.
Am Ganze sinn esou 21 Spiller zesummekomm, déi d'Videospillindustrie maassgeeblech verännert hätten. Dës kënnt Dir Iech elo hei ukucken:
Lëscht vun den aflossräichste Videospiller
- Shenmue
- DOOM
- Super Mario Bros.
- Half-Life
- The Legend of Zelda: Ocarina of Time
- Minecraft
- Kingdom Come: Deliverance 2
- Super Mario 64
- Half-Life 2
- Die Sims
- Tetris
- Tomb Raider
- Pong
- Metal Gear Solid
- World of Warcraft
- Baldur's Gate 3
- Final Fantasy VII
- Dark Souls
- Grand Theft Auto 3
- The Elder Scrolls V: Skyrim
- Grand Theft Auto
Sidd Dir mat dëser Lëscht averstanen oder feelt fir Iech e wichtegt Spill? Loosst eis Är Meenung mat engem Kommentar wëssen.