
D'Iwwerdroung vum Livestream leeft den 2. Juni 2026 um 23:00 Auer eis Zäit op den offizielle Kanäl vu PlayStation op YouTube an Twitch, dat kuerz virum Summer Game Fest.
De Stream wäert deels de Fokus op dat neit "Wolverine"-Spill vu Marvel setzen, dat jo vun Insomniac Games entwéckelt gouf. Ze gesi wäerten hei nei Gameplay-Szenen aus der Third-Person-Perspektiv, Detailer iwwert dem Charakter Logan säi Kampf-Stil an nei Story-Elementer.
D’Geschicht dréint sech ëm dem Logan seng Sich no senger Vergaangenheet. D'Spill ass an Zesummenaarbecht mat Marvel Games a Sony Interactive Entertainment, vum selwechten Team, dat och hannert der bekannter Spider-Man-Serie vir d'Playstation stécht. D'Spill kënnt de 15. September 2026 fir d'Playstation 5 eraus.
Sony huet awer soss nach net verroden, wéi eng Spiller soss nach gewise ginn. Bei enger Dauer vu méi wéi enger Stonn, ass awer mat ville weidere Presentatioune vu PlayStation Studios an externen Entwéckler ze rechnen. Méi Detailer kéinten et an den nächsten Deeg ginn, et heescht also d'Oueren an d'An ophalen.