
D’Weibercher hu sech verschidden Techniken afale gelooss, fir sech bockeg Fräsche vum Leif ze halen. Dat geet vum Dréine vum Kierper, engem “Looss-mech-lass"-Grunze bis hin zum Doutstellen, dat dann awer, wa guer näischt méi hëlleft. Dat huet de Museum für Naturkunde an de Leibniz-Institut für Evolutions- und Biodiversitätsforschung e Mëttwoch zu Berlin matgedeelt.
Bei de Grasfräsche sinn d’Männercher wärend der Paarungszäit däitlech an der Iwwerzuel an d’Konkurrenz ëm déi méi seele Weibercher ass grouss. D’Männercher sinn deemno manner wieleresch an ëmklameren alles, wat net bei 3 um Grashallem sëtzt. Gëtt iertemlecherweis e männleche Fräsch ëmäerbelt, fänkt deen un ze ruffen, fir de Feeler ze signaliséieren.
Bis ewell ass een dovun ausgaangen, dass d’Weibercher sech an der Paarungs- a Läichzäit net géint d’Männercher gewiert kréien. Net seele klammere sech nämlech direkt e puer bockeg Fräschen un eng Fräschen-Damm, wouduerch déi dacks stierft.
Wéi gesot, koum dann elo raus, dass d’Weibercher sech duerchaus ze wiere wëssen.
Fir sech aus dem Grëff vum Männchen ze befreien, dréint d’Weibche sech fir unzefänken emol ëm déi eege Kierperachs. Kënnt et doduerch net lass, kënnt den Trick mat haarde Grunz-Geräischer an enger niddereger déiwer Frequenz. Domat gëtt d’Lassloosse-Gejäiz vum Männchen imitéiert. Als allerleschten Auswee hëlleft da just nach Doutstellen, andeems d’Äerm an d’Bee steif vum Kierper ausgestreckt ginn. D’Weibche bleift dobäi sou laang roueg, bis d’Männche lassléisst.