
Bei der Erzéiung vun engem Hond ass et wichteg, datt een als Mënsch mierkt, wéini säi Mupp seng Grenzen erreecht huet: Sief dat duerch Stress, vun der Konzentratioun oder um kierperlechen Niveau. Fir kënnen eng Relatioun zum Déier opzebauen, ass d’Kommunikatioun tëscht deenen zwee essentiell.
Vill Leit ginn an ee Veräin, fir datt hire Véierbeener d’Basiskommandoe léiere kann. Dat heescht: Sëtz, Platz, Fouss a bleif. A sou enger Hondsschoul geschitt dat an engem Grupp mat anere Muppen zesummen, esou den Hondstrainer Mike Peter. Dëst soll awer eréischt geschéien, wann de Mupp fäerdeg geimpft ass a richteg a sengem neien Doheem ukomm ass. Fir sech kënne bei engem Problem an der Hondsschoul op säi Meeschter ze verloossen, ass d’Basis eng Verbindung tëscht Mënsch an Déier. Um Training fänkt dann och d’Sozialiséierung un. Dofir mécht et Sënn, mat engem Welpen tëscht 10 Deeg an 2 Méint, nodeems een e kritt huet, an d’Hondsschoul ze goen. Bei erwuessene Muppen soll dat no 1 bis 3 Méint sinn. Dat muss een awer ëmmer vu Fall zu Fall kucken, besonnesch dann, wann et sech ëm een Angschthond handelt, e Mupp, deen op der Strooss gelieft huet oder aus engem Asyl kënnt. Do kann dann d’Relatioun tëscht Déier a Mënsch duerch e Grupp, dee passt, opgebaut ginn.
E privaten Hondstrainer huelen d’Leit ganz dacks schonn, iert de Mupp iwwerhaapt bei hinne lieft. Dëst geschitt, wa si bis dohinner nach keng, e bëssen oder schlecht Erfarunge mat Hënn haten. Esou kënne si dann am Virfeld erausfannen, wéi eng Rass am beschten an hire Stot passt a wat d’Déier genee brauch. Sou bal de Mupp bis do ass, hëlleft den Trainer hinnen dann och, e besser ze verstoen an och fir keng Feeler beim Opbau vun der Relatioun ze maachen. Den Ënnerscheed vun engem Veräin an enger privater Hondsschoul ass och deen, datt beim Veräin den Training an der Grupp normalerweis ëmmer de selwechten Dag um Hondsterrain ass. Bei enger privater Hondsschoul ginn Eenzel- an och Gruppentrainingen ugebueden. Déi sinn dacks net de selwechten Dag. D’Plaz, wou trainéiert gëtt, variéiert och. Do hänkt et dovunner of, wat grad d’Thema vum Training ass: Wéi ee Cours, fir den Hond zeréckzeruffen, fir un der Léngt spadséieren ze goen oder Begéinunge mat anere Muppen. Dës Traininge konzentréiere sech op Alldagssituatiounen. An engem Veräin ginn nach aner Aktivitéiten ugebueden, wéi Agility oder Turnéierhondssport. Bei enger privater Schoul kënnen och mol Fräizäitaktivitéiten um Programm stoen, wéi Mantrail oder Dummy.
Beim Training mat Angschthënn ass ganz vill Gefill gefuerdert, esou de Mike Peter weider. Esouguer ze vill positiv Stimulatioun ka kontraproduktiv sinn. Bei esou engem Mupp soll och eng Bindung opgebaut ginn. Dëst erreecht een, wann een op enger roueger Plaz mat him üübt oder an engem Grupp vun Hënn, déi bei ee passen. Bei Hënn mat engem aggressive Verhale muss fir d’éischt analyséiert ginn, wisou e sou reagéiert. Ass et eng Iwwersprongshandlung duerch Stress, Angscht oder duerch schlecht Erfarungen; oder handelt et sech ëm e richteg aggressiven Hond, dee Leit oder Hënn wëll attackéieren a blesséieren. Esou Fäll hat de Mike Peter an 8 Joer Training bei 2.000 Muppen eréischt 2 Mol.
Wann ee mat sengem Hond wëll üben, fir datt e brav un der Léngt spadséiere ka goen, da kënne Leckerlien, Clicker oder Spillsaachen dobäi hëllefen. Et soll een net mam Training iwwerdreiwen, de Mupp soll och Zäit hunn, wou en net muss schaffen. Wann de Stroosseverkéier e Stressfaktor fir en ass, da soll een net op enger Strooss ufänke mat trainéieren. Eréischt an enger zweeter Phas kann een dat dann ugoen. Pickenhalsbänner oder Collieren, déi ouni Stopp zouzéien, sollen op kee Fall benotzt ginn. Domadder verbessert de Problem sech net. Et riskéieren dann nach aner méi schlëmm Reaktiounen z’entstoen: negativ Iwwersprongshandlungen.