1981 ass d'Krysten Ritter op d'Welt komm. Si ass Schauspillerin; et konnt ee si schonn a Serie gesinn, wéi Breaking Bad, Law & Order an och The Blacklist. Si hat och Rollen a Filmer wéi Love Vegas a Shopaholic. Och hannert der Kamera huet si sech als Produzentin en Numm gemaach. Lo huet Krysten Ritter hiren Debut als Schrëftstellerin gemaach mat dem Psycho-Thriller „Bonfire“.

Zéng Joer laang ass d'Abby Williams schonn net méi an hirer Heemescht gewiescht. Nodeems si Barrens de Réck gekéiert hat, huet si sech schlussendlech als Affekotin vun enger Ëmweltorganisatioun zu Chicago néiergelooss. Lo ass si rëm wéinst hirer Aarbecht zréck zu Barrens. Et geet dorëms een Ëmweltskandal opzeklären. Eng Firma déi Plastik produzéiert, Optimal, gëtt verdächtegt Chemikalien an de Séi vu Barrens era lafen ze loossen.

D'Abby an hir Ekipp versiche Beweiser ze fannen, datt Optimal an illegal Machenschafte verwéckelt ass an op des Firma Schold drun ass dat handicapéiert Kanner op d'Welt kommen respektiv datt d'Awunner krank ginn.

Mee déi zéng Joer, wou d'Abby net zu Barrens war, konnt si kee Fridde mat hirer Vergaangenheet schléissen. Knapps ass si lo erëm do u komm, gëtt si erëm domat konfrontéiert. Direkt den éischten Dag begéint si eng vun deene Persounen, déi si an der Jugend terroriséiert hunn: d'Misha. An d'Misha ass och nach elo Directrice adjointe vun der Highschool zu Barrens. Méi spéit begéint si och dem Brent, deen och mat Schold war datt et dem Abby deemools net sou gutt gaangen ass. Eng Persoun, déi fréier am Ufank nach eng Frëndin war, d'Kaycee, ass net méi zu Barrens.

Die Kaycewe in Ölfarbe sieht anders aus als die Kaycee, die ich in Erinnerung habe: einsamer, tiefgründiger, beinahe verzweifelt. Ich weiss noch, was Kaycee an dem Tag zu mir gesagt hat, als sie aus den Bierdosen einen Pilz zauberte, der aus dem Papier zu wachsen schien. Das Problem ist nicht, dass du nicht zeichnen kannst, Abby, hat sie aus heiterem Himmel gesagt. Das Problem ist, dass du nicht sehen kannst. Allmählich fange ich an zu glauben, dass sie Recht hatte.

Niewent hirer eigentlecher Aarbecht, versicht d'Abby erauszefannen wou d'Kaycee drun ass. Opfälleg ass, datt kee weess wou hir deemoleg Frëndin hi gaangen ass, respektiv sech den Ament ophält. An dat fënnt d'Abby komesch. Dorops hin versicht si der Saach op de Grond ze goen. An dëst gefält hirem Aarbechtskolleg Joe net. Hie weist d'Abby drop hin net an der Vergaangenheet ze wullen a sech d'Aarbecht ze konzentréieren. Trotzdeem mëscht d'Abby domat weider. Si riskéiert doduerch net nëmmen hir Gesondheet, mee och hiert d'Liewen.

Si muss feststellen, datt dat schrecklecht „Spill“ vun deemools, haut nach ëmmer besteet. Fréier si jonk Meedercher vun hire Matschüler erpresst ginn. Haut schéngt dat nach eng méi schlëmm Form ugeholl ze hunn. D'Abby huet no an no de Verdacht, datt dat Ganzt duerch en Netzwierk kontrolléiert gëtt.

Dann lieft zu Barrent och nach de Papp vum Abby. Si huet hire Papp och zéng Joer net gesinn; d'Verhältnis tëscht deenen Zwee war net gutt.

Et erlieft een eng Protagonisten, déi sech no an no hiren Ängschte vun der Vergaangenheet stellt. Si gëtt vun der Autorin mat Ecken an Kanten duergestallt. Domatter kënnt se méi mënschlech eriwwer.

De Thriller „Bonfire“, also Lagerfeier, ass menger Meenung no, e gelongenen Debut. Trotzdeem ginn et Momenter am Buch déi e bësse fir Konfusioun suergen, dëst duerch déi vill Flashbacks an d'Vergaangenheet bannent engem Kapitel.

Et ginn Amenter am Buch, déi sech bëssen ze laang zéien. Alles an allem ass Bonfire e Buch, wat een net aus der Hand wëll leeën. Et wëll een endlech wëssen, wéi eng Stécker feelen, fir de Puzzle zesummenzesetzen. Et wëll e wëssen wat zu Barrens genee geschitt ass virun zéng Joer an och haut.

Bonfire vun der Krysten Ritter ass am Diana Verlag eraus komm.