D'Suite vum Ritchie Rischard séngem Roman "Little Italy - Déi Véier aus dem Quartier Italien"

Summer 2017 zu Boulder am Colorado.
Dem Aki seng Duechter „Jamie“ erzielt dem Ex-Mafiosi Robert „Bob“ Lenz, wéi Diddeleng a säi „Quartier Italien“ sech entwéckelt huet, nodeems hien an de fréie 60er Joren, éischter onfräiwëlleg, d'Ländchen huet misse verloossen. D'Jamie erzielt him och vu senger Kandheet an de 60er, a senger Teenagerzäit an de 70er an 80er Joren. Vu flotte Bistroen, Discothéiken, enger Milk-Bar an enger Clique, déi et fauschtdéck hannert den Oueren huet. Dës schéin Zäit gëtt duerch d'Stolkris, a Schëss ënnerbrach, déi am „Quartier Italien“ falen. Hunn déi zwou Läichen, déi doropshi fonnt ginn, eppes mat „Deene Véier aus dem Quartier Italien“ ze dinn? Oder hunn nei Verbriecher hir Zäit an Diddeleng?