Zwei Autoren, zwei Romane, ein Thema: die Eifel im Jahr 1944.Steffen Kopetzky und Norbert Scheuer im Gespräch über den Zweiten Weltkrieg

Zwei Autoren, zwei Romane, ein Thema: die Eifel im Jahr 1944.

An der Abtei Neimënster treffen sech dësen Donneschden 6te Februar zwee renomméiert däitsch Auteuren fir aus hiren neitste Bicher ze liesen.
De Steffen Kopetzky thematiséiert a sengem Roman "Propaganda" d'Schluecht am Hürtgenwald am November 1944. Säin Haaptpersonnage ass den amerikanesche Propagandaoffizéier John Glueck. Dee jonke Mann mat däitschen Originnen wäert Jorzéngten duerno och am Vietnam an den Asatz kommen, an no an no verstoen wéi vill Zynismus hannert der Propagandamaschinn stécht. De Steffen Kopetzky iwwer säi Roman:

De Steffen Kopetzky iwwer säi Roman (1)

Dat hei ass dem Steffen Kopetzky besonnesch wichteg:

De Steffen Kopetzky iwwer säi Roman (2)

Den Norbert Scheuer liest aus sengem Roman "Winterbienen" den an der Äifel spillt. De Roman deen et 2019 op d'Shortlëscht vum däitsche Buchpräis gepackt hat, spillt am Joer 1944. Den Egidius Arimond ass wéinst senger Epilepsie net agezu ginn. De Beienziichter hëlleft jiddesche Flüchtlingen fir a preparéierte Beiestäck verstoppt iwwert d'Grenz ze kommen.
D'"Winterbienen" sinn déi Beien déi de Wanter iwwer Beiestack waarmhalen, déi also fir d'Iwwerliewe vum ganze Beiestack suergen. Ass dat eng Paralell zu de Mënschen déi probéieren iwwer déi schwéier Krichszäit ze kommen? Dozou den Norbert Scheuer:

Den Norbert Scheuer iwwer säi Roman

D'Schrëftsteller goufe vum Institut Pierre Werner op Lëtzebuerg invitéiert. De Jérôme Jaminet moderéiert d'Gespréich.

Donnerstag, 06. Februar 2020
19:00 Uhr
Abtei Neumünster

In deutscher Sprache

Tickets 10 € | 5 € | 1,50 € (Kulturpass)

Weider Informatiounen um Site vum Institut Pierre Werner:  www.ipw.lu