E flott Molbuch mam Charly a sénge Frënn, op Lëtzebuergesch an op Englesch

Charly’s Colouring Book - Luxembourg Edition ass eraus!
Op 60 Säite kennen d’Kanner sech am neie Charly Molbuch ameséieren, Lëtzebuerg faarweg ze molen.
Dëst neit Molbuch fir Kanner weist d’Déieren, déi et zu Lëtzebuerg ginn a weist och eng Auswahl vu
Sehenswierdegkeeten aus dem ganze Land. D’Nimm vun den Déieren a Sehenswierdegkeete stinn
op Lëtzebuergesch esouwei och op Englesch am Buch.
Mat dobäi ënnert anerem kann en faarweg molen: eng Auswahl vu Schlässer aus dem Land,
d’Héichiewe Belval, de Lëtzebuerger Palais, d’Kathedral Notre-Dame, d’Philharmonie oder och de
Musée Dräi Eechelen an de Mudam.

D'Kanner kënnen ukräizen, wat se schonn alles zu Lëtzebuerg gesinn hunn. Dëst soll och d’Elteren
ureegen, mat hire Kanner déi Lëtzebuergesch Kultur, mee awer och d’Fauna, duerch d’Land mat hire
Kanner entdecken ze goen.
Charly Molbuch ass dat drëtt Buch wat vu Charly Books erausbruecht gëtt. Verkaf gëtt d’Molbuch
am Webshop zesummen an engem Package mat enger Charly Schachtel a Bläistëftsfaarwe fir
26.99 Euro.

COLOURING
BOOK LUXEMBOURG EDITION
www.charlybooks.com