
4 Kannerbicher huet d'Marie-Isabelle Callier hei zu Lëtzebuerg erausbruecht. Mä d'Kënschtlerin, déi 1970 zu Knokke gebuer gouf, huet nach aner Projeten.
Mat hirem Kannerbuch “De Schatz vu Lucilinburhuc” huet d’Marie-Isabelle Callier 2017 fir d’éischt e Lëtzebuerger Public op sech opmierksam gemaach. Hir Geschicht "Wichapi" hat et dëst Joer op d'Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis gepakt. Aktuell sinn zwee nei Bicher erauskomm: “Eng Hand voll Gléck” fir déi d’Martine Horsmans den Text, an d’Marie-Isabelle Callier d’Illustratiounen geliwwert huet.
An: “Nuechtzauber an de Muséen” an dem e klenge Faun nuets aus enger Foto erausklëmmt, an zesumme mat engem Terracotta-Hond op Entdeckungsrees duerch d’Muséeën vun der Stad Lëtzebuerg geet.
Mä d’Kënschtlerin déi 1970 zu Knokke an der Belsch gebuer gouf, an un der École supérieure des arts Saint-Luc zu Bréissel studéiert huet, illustréiert net nëmme Kannerbicher. Si huet sech och als Molerin en Numm gemaach an ënner anerem zu Washington, Shanghai a Singapur ausgestallt.
Vun Timberen bis Paravent, der Marie-Isabelle Callier ass kee Support ze kleng a keen ze grouss fir hir Konschtwierker ze realiséieren. Dat eent oder anert hutt Dir villäicht grad op Är Chrëschtkaarte gepecht, d'Chrëschtdagstimberen 2020 sinn nämlech vun hir entworf ginn.
Firwat ausgerechent e Faun d'Haaptfigur an hirem neie Buch ass, wat si un der Nuecht esou faszinéiert, a wéi si Faarwe benotzt fir eng bestëmmten Atmosfär ze kreéieren, dat an nach villes méi erzielt d'Marie-Isabelle Callier am Interview.
