Dat freet sech de Lukas Braak, wéi den SED-Chef Erich Honecker den 18ten Oktober 1989 zerécktrëtt,knapps eng Woch nodeems hien him e Bréif geschriwwen huet

Natierlech ass déi Fro net ganz eescht gemengt. Fir de Lukas Braak, fréiere "Kapitän auf grosser Fahrt" an iwwerzeegten Unhänger vun der sozialistescher Ideologie, war de Bréif deen hien dësen 11ten Oktober 1989 an d'Bréifboîte gehäit huet, éischter e Versuch sech mat senger eegener Situatioun an der vu sengem Land auserneenzesetzen. Zu dem Zäitpunkt si seng idealistesch Dreem scho laang ënnert d'Rieder vum real existéierende Sozialismus komm. Hien ass an Ongnod gefall, "Westkontakter" ginn him virgehäit, d'Stasi huet en Dossier iwwer hien. De Grond: E Besuch vu senger Mamm, déi hien als klenge Bouf bei sengem Papp zeréckgelooss hat fir an d'USA auszewanderen. An dann huet seng Fra Inge, eng fervent Sozialistin, och nach e puer Wuert mat enger Fra aus Westdäitschland gewiesselt. U sech ass näischt geschitt, mä dat gesäit d'Stasi anescht.

"Diktaturen leiden notorisch unter Paranoia, hatte er irgendwo aufgeschnappt."

An déi Paranoia kascht dem Lukas Braak säi privilegéierte Liewensstil deen hien als héich qualifizéierte Séimann an Ausbildungsoffizéier genéisst. Villäicht ass et och grad säi Beruff deen hie blann mécht fir d'Realitéit virun der eegener Hausdier. Op sengem Schëff kënnt hien duerch d'ganz Welt, begéint Mënschen aus anere Kulturen, hie genéisst eng Fräiheet déi seng Matbierger doheem an der DDR scho laang net méi hunn.

"Sie waren hinter seiner Stirn, diese Gesichter aus fernen Weltgegenden, und sie lachten, riefen ihm etwas zu in fremden Sprachen, von Ostasien bis Südamerika, Singapur, Vietnam, Rio oder Havanna, Blicke die ineinandertauchten, zufällig, unverbindlich, aber in Wärme und Freundschaft." 

Hie verléiert seng Aarbecht a muss vun elo un an engem landwirtschaftleche Kollektiv Kéi sträichen a Ställ ausmëschten. Méi nach, hien ass verdächteg, gëtt vun der Stasi ausspionéiert.

 "Plötzlich war es nur noch ein Atemzug, um zu begreifen, dass er nicht paranoid war, nicht er, sondern die anderen, die Apparatschiks, der ganze Apparat. Sie beschatteten ihn."

Eng Atmosfär vu Paranoia a Mësstrauen, déi och seng Fra Inge net erdroe konnt. Trotzdem behält de Lukas Braak bis ganz zum Schluss eng Grimmel Hoffnung, an, net ze vergiessen e gudde Schotz Naivitéit, déi e schlussendlech dozou bréngt, sech un de Schreifdësch ze sëtzen an e Bréif un de Genosse Honecker ze schreiwen. Natierlech sinn et net dës Zeilen, déi dat politescht Enn vum SED-Chef alauden (dat huet dee scho selwer hikritt) mä si illustréieren déi Desillusioun déi sech 1989 och ënnert de ferventsten Unhänger vum System breet mécht. Doswidanja, Genosse.    
Et ass keng erfonnte Geschicht. Och de Bréif gouf tatsächlech geschriwwen. D'Margret Steckel (1934 a Mecklenburg gebuer, 1955 huet si d'DDR verlooss) gouf vun engem fréiere Schoulkomerod gebieden, seng Erënnerungen litereraresch opzeschaffen.

Wéi eng Kënschtlerin déi mat e puer Pinselstrécher dee perfekten Tableau op d'Läinwand zaubert, brauch d'Margret Steckel net vill Wierder. D'Batty Weber Laureatin, déi jo och rezent de Lëtzebuerger Buchpräis fir hir Erzielung "Mutterrache" gewonnen huet, bréngt den Néiergang vum Arbeiter und Bauernstaat a grad emol 92 Säiten op de Punkt.

92 Säiten, déi een sech net sollt entgoe loossen!

"Doswidanja, Genosse" vun der Margret Steckel ass bei capybarabooks erauskomm. ISBN 978-99959-43-61-5