
Op zwou Parkplaze gläichzäiteg stoen, dat ass schonn net schlecht. De Vull ofgeschoss, huet awer dësen Automobilist: Net nëmme steet en mat sengem klengen Auto kromm geparkt, dat iwwer zwou Plazen, ma et sinn och nach zwou Parkplaze fir Leit mat enger Behënnerung. Eng Kaart, fir sech op sou eng Parkplaz ze stellen, ass am Auto net ze gesinn.
Dëst Park-Verhalen hunn d’Kolleege vun RTL Infos leschten Donneschdeg, de 5. Februar, géint 12 Auer an der Luxexpo de Box, méi genee am Parking SUD observéiert an hu bei der Police nogefrot, wéi eng Strof oder Strofen de Chauffer vum Auto z’erwaarden hätt.
D’Äntwert heivir fënnt een op der Säit 343 vum Code de la Route, méi genee den Artikel 107.35: “Stationéieren op enger Plaz, reservéiert fir Gefierer, déi Mënsche mat enger Behënnerung transportéieren - 145 Euro”. Dat konforméiert d’Police dës Woch. De kompletten Iwwerbléck vun den Infraktioune beim Parken, gëtt et hei!
Fir op sou enger Platz legal parken ze dierfen, muss eng Park-Kaart fir Mënsche mat Behënnerung, gutt visibel, an der Glace leien. Dës hellblo Kaart, déi vill Leit misste kennen, weist dann och kloer an däitlech d’Symbol vum Rollstull. Sou eng Kaart hat de falsch geparkten Auto an der Luxexpo net do leien (déi visibel Vignette, déi een op der Foto gesäit, weist just d’Emissiounsklass vum Auto). Onofhängeg dovunner ass et awer och verbueden, zwou Parkplaze gläichzäiteg ze blockéieren, egal wéi grouss d’Gefier ass.
Wann een Zeie vun engem illegal geparkten Auto ass oder engem e geparkten Auto opfält, dee stéiert, kann dëst ëmmer mellen: “Persounen, déi op enger Platz fir handicapéiert Leit parken, ma och aner falsch geparkten oder ofgestallte Gefierer, kënne bei der Police gemellt ginn”, sou d’Police.
Zum Schluss ass et wichteg, ervirzesträichen, dass ronn 15% vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, eng Zort Behënnerung hunn, dat si bal 95.000 Leit. Problemer mat der Vue respektiv partiell oder komplett blann sinn, eng reduzéiert Mobilitéit a Behënnerungen a Verbindung mam Gehéier sinn déi Handicappen, déi am dacksten an eiser Gesellschaft virkommen.