
Wärend dem Fluch ass e Rass an der Cockpit‑Fënster festgestallt ginn. D’Boeing vum Typ 737‑700 vun der Luxair ass sécher zu Madrid gelant, dat ëm 20.27 Auer e Méindeg den Owend.
D’Passagéier goufen duerch de Kapitän an d’Besatzung kontinuéierlech informéiert, an hir Sécherheet war zu all Moment garantéiert, heescht et e Méindeg den Owend am Communiqué vun der Luxair.
Luxair këmmert sech elo um Fluchhafen ëm déi betraffe Passagéier, en Ersatz-Fluch op Lëtzebuerg gëtt en Dënschdeg organiséiert.
D’Luxair entschëllegt sech fir déi entstanen Komplikatiounen a seet am Schreiwes de Passagéier Merci fir hir Versteesdemech. Och wann alles géif gemaach ginn, fir Stéierungen ze vermeiden, géif d’Sécherheet vun de Passagéier an der Crew déi absolut Prioritéit bleiwen.

Eréischt e Méindeg de Moien hat den neien Embraer vun der Luxair op en Neits Demi-tour misse maachen. Concernéiert war hei e Vol op Barcelona.