"Joyeuses entrées" vu groussherzoglecher KoppelDen Haff annoncéiert Visitten op fënnef Plazen am Land - dräi dëst Joer an zwou 2027

Joel Detaille
Déi groussherzoglech Koppel passéiert dëst Joer zu Esch, Ëlwen a Wuermer.
© SIP

Nodeems de Grand-Duc Guillaume a senger Chrëscht-Ried fënnef sougenannte “Joyeuses entrées” ugekënnegt hat, wou hien an der Suite vum Trounwiessel am Land ënnerwee ass, fir de Kontakt mat de Leit ze sichen, sinn elo d’Datumer vun där Tournée bekannt.

Dräi sinn der dëst Joer:

  • de 24. Abrëll zu Esch-Uelzecht
  • den 10. Juli zu Ëlwen
  • den 2. Oktober zu Wuermer

Am Laf vun 2027 wäerten dann nach Biekerech a Miersch derbäi kommen, confirméiert de groussherzoglechen Haff. E geneeën Datum ass do awer nach net gewosst.

JOYEUSES ENTREES ET VISITES DE LA VEILLE DE LA FETE NATIONALE
Communiqué de presse

D’Gemenge selwer assuréieren d’Koordinatioun vum Oflaf, deen e regionale Charakter soll hunn. Et wäert dann zäitno matgedeelt ginn, wat genee wou geplangt ass.

Am Kader vun Nationalfeierdag wäert déi groussherzoglech Koppel dëst Joer iwwregens um Virowend Déifferdeng besichen an d’nächst Joer Ettelbréck, ier et owes nees traditionell fir de Fakelzuch an d’Stad geet.

© RTL-Grafik
© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO