“Dës Indemnitéite goufe scho laang net méi ugepasst, dat sollt rattrapéiert ginn”, erkläert de Minister Claude Meisch. Him war et awer och wichteg, dass eng Logik erabruecht gëtt. “All Beruff ass eigentlech selwecht wäert a soll och selwecht bezuelt ginn. Wichteg ass awer och de Leeschtungsprinzip: Dee wou am éischte Joer ass, soll wann en an d’zweet Joer kënnt, méi kréien, an dat och erëm wann een an d’drëtt Joer kënnt. Mee och dee wou säi Projet intégré intermédiaire gepackt huet, méi soll kréie wei do virdrunner”, präziséiert de Minister.

Hei ee Beispill wéi dat soll ausgesinn: Fir d’Formatioun “Certificat de capacité professionelle Usträicher” krut ee bis elo em déi 500€ am éischte Joer an iwwert 900€ am leschte Joer. Wann ee sech fir Metzler entscheet huet, ass ee mat 914€ am éischte Joer an eppes méi wéi 1.300€ am drëtte Joer besser dovu komm. Mam reforméierte System géif een an den zwou Léieren allkéiers em déi 1.200€ am éischten a méi wéi 1.600€ am 3. Joer kréien.

De selwechte Prinzip gëllt och zum Beispill fir d’Diplôme-d’aptitude-professionelle-Formatiounen. Am DAP Schräiner krut e bis elo ongeféier 800€ virum Projet intégré intermédiaire an em déi 1.300€ wann een de Projet bis gepackt huet. Fir den DAP Paysagiste war et manner: bal 700€ virum Projet an em déi 1.200€ duerno. Elo sollen dës Indemnitéiten och eropgesat an egaliséiert gi mat 1.216 € virum Projet intégré intermédiaire an 1.622€ duerno.
D’Indemnitéite bannent de verschiddene Formatioune géifen domadder um selwechten Niveau sinn. Mee dëst gëllt och formatiounsiwwergräifend. An enger Formatioun CCP géif een am éischte Joer dat selwecht wéi an enger Formatioun DAP virum Projet intégré intermédiaire kréien. De selwechte Prinzip gëllt och wann een dat drëtt Joer CCP mat der Formatioun DAP nom Projet vergläicht.
Den Directeur adjoint vun der Chambre des salariés, Claude Cardoso präziséiert awer, dass keen eppes verléiert: “Et gi puer Ausnamen, wou 3-4 Beruffer driwwer léien, bei deene gëtt eng Exceptioun gemaach. Et ass keen, deen eppes verléiert, ganz am Géigendeel: zum Schluss wäerte se all eppes bäi gewannen.”
Déi néi Montante goufen elo un den net-qualifizéierte Mindestloun ugepasst. “Zanter 2000 hunn d’Indemnitéiten 28% u Wäert par Rapport zur Evolutioun vum Mindestloun verluer, do sinn d’Indextranchen net mat abegraff. Dat meescht bal een Drëttel aus”, erkläert de Claude Cardoso.
Net nëmme fir d’Léierbouwen a Meedercher kommen Ännerungen. Och d’Entreprisë kréichen, pro Apprenti eng Prime. Den Tom Wirion, Direkter vun der Chambre des métiers erkläert:
“Dat ass och fir d’Betriber wichteg, déi jo och Zäit an Engagement weisen. Et gëtt eng Prime vu 750€ pro Apprenti, pro Joer ausbezuelt gëtt, fir och deen Effort ze valoriséieren. Mir gesinn hei an där Reform eng Win-Win Situation, an da muss een natierlech kucke wéi sech dat elo entwéckelt.”
Mat dëser néier Reform sollen d’Entreprisen, déi sech engagéieren a Léierjongen a Meedercher huelen, awer net weider belaascht ginn. Déi méi Käschten déi duerch déi néi Indemnitéiten entstoe wäert, wäerte vum Staat rembourséiert ginn, präziséiert den Educatiounsminister.
De Regierungsrot huet de Gesetzprojet de 6. Februar ugeholl, et ginn awer nach e puer Etappe bis dass dës Reform wierklech a Kraaft trëtt. Dofir gouf decidéiert, dass de reforméierte System réckwierkend op den 1. Januar 2026 wäert sinn. Wann d’Gesetz bis a Kraaft ass, kréien d’Apprentien dës Ännerung réckwierkend ausbezuelt, mee d’Entreprisë ginn dann och séier, réckwierkend, rembourséiert.