
© Bea Kneip / RTL
E Méindeg den Owend war d'Präisiwwerreechung am Mierscher Literaturarchiv.
De Concours littéraire national ass e ganz spezielle Literaturpräis. Et muss ee kee Buch publizéiert hunn, fir kënnen deelzehuelen, de Concours ass geduecht, fir onverëffentlecht Manuskripter ze präméieren. Manuskripter, op deene keen Numm steet. Eréischt wann de Jury d'Gewënner ermëttelt huet, gëtt d'Enveloppe mam Numm vum entspriechenden Auteur opgemaach. Dës Anonymitéit garantéiert, dass d'Urteel vum Jury sech reng op déi literaresch Qualitéit vum Text baséiert.
All Joer ginn Texter an engem anere Format gesicht, dëst Joer fir déi 45. Editioun war et den Opruff Theaterstécker anzeschécken.
52 Texter koumen eran: 48 an der Kategorie "Adultes" a 4 an der Kategorie "Jonker tëscht 12 an 19 Joer". Deemno hat de Jury ënnert der Presidence vum Acteur Luc Schiltz vill ze dinn. Véier Sprooche si fir de Concours littéraire zougelooss, och dëst Joer huet sech nees den Trend confirméiert, dass déi meescht Texter (38%) op Englesch agereecht goufen.

© Bea Kneip / RTL
De Gewënner an der Kategorie "Adultes" huet souguer méi Sprooche benotzt."Urd. Pièce multilingue pour un coupable, sa victime, un mannequin de vitrine, plusieurs mannequins gonflables et le public" sou de ganzen Numm vum Stéck, mat deem de Charles Meder den éischte Präis, dotéiert mat 7.500, gewanne konnt. E Stéck, dat sech als Kritik un der Diskriminatioun ënner allen hire Forme versteet.
Den Antoine Pohu (Joergang 1999) konnt 2019 schonn eng Kéier de Concours littéraire fir sech entscheeden, deemools allerdéngs nach an der Kategorie Jeunes fir säi Roman "La Quête". Den zweete Präis an der Kategorie "Adultes" fir säin Theaterstéck "Les Bienheureux" ass déi éischt Auszeechnung, déi hien als erwuessenen Auteur kritt, dat nodeems hie schonn zweemol op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis ze fanne war. Säi Stéck ass eng modern Réécriture vun der So vun den Atriden aus der griichescher Mythologie.
Och dësen Text ass gesellschaftskritesch, grad esou wéi d'Stéck "Second Zechariah" vum Erik Abbott, dat sech mam Thema vum sexuelle Mëssbrauch an der Aarbechtswelt beschäftegt. De gebiertegen US-Amerikaner ass an der engleschsproocheger Theaterwelt zu Lëtzebuerg keen Onbekannten. Hien ass Acteur, Auteur vun iwwer 20 Theaterstécker a Member vum Theatergrupp Actors Repertory Theatre Luxembourg (Actors Rep). Hie konnt sech iwwer den drëtte Präis an der Kategorie "Adultes" freeën.
An der Kategorie "Jonker tëscht 12 an 19 Joer" goung de Präis un d'Aimée Dhonte, eng 17 Joer al Schülerin vun der Europaschoul zu Mamer. An hirem Stéck "It's Raining Cats an Dogs" beschäftegt si sech mat idiomateschen Expressiounen.
De Jury huet sech zesummegesat aus dem Luc Schiltz (Präsident), dem Tullio Forgiarini, Carole Lorang, Sarah Rock a Pascal Seil.
Fir de Concours littéraire 2025 gi Roman-Manuskripter gesicht, déi ee bis de Juni 2025 kann eraschécken.
Dass de Concours littéraire eng Geleeënheet ass fir nei, onverëffentlecht Texter z'entdecken an dacks och nei literaresch Stëmmen, dat huet d'Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby an hirer Ried ënnerstrach. Dat ass och genee dat, wat de Reiz vun dëser Competitioun ausmécht, déi och dëst Joer dem Public 4 literaresch Kaddoen ënnert de Beemche geluecht huet, déi hoffentlech geschwënn och op enger Theaterbün wäerten ze gesi sinn.
E fënnefte Kaddo gouf et mam musikaleschen Encadrement vum Owend, deen d'Rapperin Nicool aka Nicole Bausch assuréiert huet. E musikalesche Bäitrag, dee mat hiren engagéierten Texter eigentlech och e literaresche Bäitrag war.
Hei kommt Dir bei d'Schrewies vum Kulturministère