
v.l.n.r Martine Peters, Henning Marmulla, Maike Edelhoff, Inge Orlowski, Amaru Flores, Lara Schroeder / © Bea Kneip/RTL
Wat maache Lektor(innen) a firwat ass et hinnen esou wichteg sech an enger eegener Associatioun zesummenzeschléissen? Dat erkläere si am Interview.
Den "Verband der Freien Lektorinnen und Lektoren e.V." representéiert de Beruffsstand an däitschsproochege Raum schonn zënter 25 Joer. Hei zu Lëtzebuerg hu sech elo fräi Lektoren zesummegedoen fir och hei am Land esou eng Associatioun op d'Been ze stellen. Dobäi profitéieren si vun de Strukturen vun der VFLL, andeems si e Regionalgrupp gegrënnt hunn.
Mä fir d'éischt emol: wat maache Lektor(innen)?
Maike Edelhoff:Et ass liesen, et ass korrigéieren, et ass dat ëmsetzen wat den Auteur gäre wëll soen. Also strukturéieren an och d'Logik erabréngen, wat de Schrëftsteller ganz gären wëll soen domadder.
Henning Marmulla: Also ein Lektor versucht sich in den Text hineinzudenken und natürlich auch in den Autor der den Text geschrieben hat, hineinzudenken. Und er schreibt den Text nicht einfach um wie er das gerne möchte, sondern er versucht ihn in der Logik des Autors umzuschreiben, also er versucht den Text schöner zu machen, aber so dass der Autor seinen Text immer noch wiedererkennt. Und so ist es ein bisschen wie beim Frisör. Man geht dahin, man hat die Haare schon dabei. Und die Haare werden schön gemacht beim Frisör, und wir als Lektoren sind im Prinzip die Frisöre der Texte. Wir machen sie schöner, aber wir bauen keine neue Perücke.
Firwat ass dann e Lektorat esou wichteg?
Inge Orlowski:Et ass wichteg, dass et eng zweet Perspektiv op en Text gëtt, datt och een mat engem A vun engem Lieser, vun enger Lieserin do eng Kéier driwwer kuckt, fir datt, effektiv, datt d'Iddien vum Auteur méi kloer op Pabeier gedréckt kënne ginn. Et kann och passéieren, datt een do eppes nei strukturéiert oder Virschléi mécht fir Saachen méi ze detailléieren oder op der anerer Säit heiansdo ganz Kapitelen ze sträichen, dat ka passéieren. Mä dat si Virschléi déi de Lektor dem Auteur mécht, dat ass net preskriptiv. Dat ass eng Zesummenaarbecht fir den Text besser liesbar ze maachen.
Wat halen dann d'Auteuren dovun? Loossen si sech gären eppes soen?
Inge Orlowski:Am Allgemengen mengen ech d'Auteuren sinn awer frou. Et muss een heiansdo erkläeren wéi een et mécht a firwat een et mécht an datt et effektiv Virschléi sinn fir e besseren Text ze maachen, mä am Allgemengen sinn d'Auteuren duerno frou mat enger externer Persoun iwwer hiren Text och ganz am Detail kënnen ze schwätzen, dodrobber kënnen ze schaffen.
Et ginn net nëmme Romaner lektoréiert, mä och aner Texter?
Maike Edelhoff:Op der enger Säit natierlech Literatur, mä och Sachbicher, dat kënnen och administrativ Texter sinn oder esou eppes wéi Ënnertitelen kéinten et sinn. Mä et ginn och esou Saache wéi Werbung, Affichen. Et gi souguer Leit déi korrigéieren Doudesannoncen. Et ka wierklech all Text sinn deen een sech kann ausdenken.
Firwat gouf elo dëse Regionalgrupp vum VFLL gegrënnt?
Maike Edelhoff:Bis elo gouf et an Däitschland an der Schwäiz an an Eisträich schonn Sektiounen, mä elo hu mir fir Lëtzebuerg eng geschaaf well et och ganz natierlech Lëtzebuerger Interessien a Lëtzebuerger Besonneschheete gëtt déi an dem grousse Verband net vertruede goufen oder net adresséiert goufen an duerfir ass et ganz wichteg fir eng Lëtzebuerger Sektioun ze hunn well et einfach Besonneschheete gëtt déi aner Lektorinnen a Lektoren einfach net ëmsetze kënnen.
Eng besonnesch Erausfuerderung ass hei d'Méisproochegkeet, déi zum Beispill wichteg ass, wann et drëm geet fir e Flyer fir eng Gemeng a verschiddene Sproochen ze lektoréieren, gëtt d'Lara Schroeder ze bedenken.
Mä wéi gëtt een eigentlech Lektor(in)?
Lara Schroeder:Also mir hunn ënnert eis eng ganz Bandbreet vun Hannergrënn. Mir hu Leit déi hunn en Doktorat gemaach an engem Sproocheberäich. Ech perséinlech kommen am Fong aus der Iwwersetzung, ech sinn halt Iwwersetzerin, dat heescht ech hunn och dee linguisteschen Hannergrond deen ech op d'Lekorat (bezéiungsweis ech maache virun allem Korrektorat) deen ech dorop iwwerdroe kann. Et sinn och Leit déi hu virdrun en anere Beruff ausgeüübt, déi sech esou gesinn erageschafft hunn an dee Beruff.
Weider Detailer iwwer déi nei gegrënnten Associatioun am Pressecommuniqué vum VFLL-Regionalgrupp Lëtzebuerg:
Lëtzebuerger Lektor*inne grënnen e VFLL-Regionalgrupp
Vun elo u gëtt et zu Lëtzebuerg e Grupp, deen d'Interessie vum Beruffsstand vun de fräie
Lektor*inne vertrëtt.
Fënnef Membere vum Verband der Freien Lektorinnen und Lektoren (VFLL) hunn um
Méindeg, 30.06.2025, an der BnL e Regionalgrupp fir Lëtzebuerg gegrënnt. Spriecherin ass
d'Maike Edelhoff, stellvertriedend Spriecherin ass d'Inge Orlowski. De W. Amaru Flores Flores
vertrëtt d'Lëtzebuerger Lektor*inne verbandsintern als Delegéierten am Regionalrot.
De VFLL ass de Beruffsverband vum fräie Lektorat am däitschsproochege Raum. E vertrëtt
d'Interessie vun de Lektor*innen op politeschem Niveau, sensibiliséiert de Public fir Sujeten zum
Lektorat a bitt senge Memberen d'Méiglechkeet, sech weiderzebilden an ze vernetzen. Sou soll de
Lëtzebuerger Regionalgrupp och als Uspriechpartner fir d'Institutioune fungéieren, de Beruff
promouvéieren an de Lëtzebuerger Public op dësen opmierksam maachen. Ausserdeem soll de
Grupp den Echange ënnerenee fërderen an zur Professionaliséierung vum Secteur bäidroen.
Duerch d'Institutionaliséierung a Form vun engem Regionalgrupp hoffen d'Lektor*innen, weider
Kolleeg*innen (onofhängeg dovun, ob se Member sinn oder net) ze erreechen a sech
auszetauschen. De Grupp trëfft sech reegelméisseg a wäert och op de Walfer Bicherdeeg am
November vertruede sinn. Dat éischt Treffe fir sech ënnerenee kennen ze léieren fënnt de 16.7. um
13:00 Auer online statt.
Besonnesch ervirzehiewe sinn déi lokal Verankerung an déi méisproocheg Kompetenze vun de
Memberen, déi esou déi néideg Sensibilitéit fir de Lëtzebuerger Kontext a fir Lëtzebuerger Texter
mat sech bréngen. Heibäi kann et sech ëm verschiddenst Zorte vun Texter handelen, dorënner
Manuskripter fir Bicher, Internetsäiten, administrativ Texter, Reklammen oder Ënnertitelen. De
Regionalgrupp beschränkt sech och net op eng Sprooch. D'Membere schaffe mat
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch an och aner Sprooche si wëllkomm. Wie sech
fir d'Aarbecht vum Grupp interesséiert, kann iwwer follgend E-Mail-Adress Kontakt ophuelen:
luxemburg@vfll.de.