
D'Aude-Laurence Biver an d'Magaly Texeira droen en Text vum Tullio Forgiarini vir / © Bea Kneip/RTL
Poetry Slam, Liesungen, Musek a Workshops, e Fest vun der Literatur
“Stellt iech fir, Lëtzebuerg wier....”, dat war d'Virgab déi fënnef Auteur(innen) haten fir en Text vun ongeféier 10 Minutte virzedroen. Eng Insel, e Kinnekräich, eng Noperschaft, eng Diktatur, e Buch, eng Natioun, eng Kreatur oder e "pays mythique, espèce d'Eldorado" - just e puer Stéchwierder déi di ganz verschidde Manéieren illustréieren wéi een dëst Thema opgräife kann. Den James Leader, Olivier Garofalo, Kerstin Medinger, Fabienne Faust a Jos Kayser waren awer net déi eenzeg déi mat bis elo onverëffentlechten Texter opgetruede sinn.
E Poetry Slam dee mat engem Ex Aequo fir de Flame Darinov an den Nicolas Calmes op en Enn gaangen ass an eng Rëtsch Optrëtter bei der Literatur a Musek sech d'Bün gedeelt hunn, stoungen um Programm. Sou zum Beispill Jeff Schinker & The Cookie Jar Complot oder eng Liesung vun der Nora Wagener bei der si vun der Sängerin Marie-Christine Nishimwe begleet gouf. Déi Responsabel vun A:LL Schrëftstellerinnen, der Associatioun déi 2020 als Nofolger vun dem 2016 opgeléisten Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) gegrënnt gouf, haten sech eppes afale gelooss.

D'A:LL, Associatioun Lëtzebuerger Literatur - Schrëftsteller*innen, ass eng Zort Gewerkschaft fir Literaten, déi sech ënner anerem dofir asetzt, dass Liesunge fair renumeréiert ginn oder dass Theaterauteuren mat Hëllef vu Mustervertreeg administrativ besser ënnerstëtzt ginn.
D'A:LL als Ulafstell fir jonk Auteure
De Präsident vun der A:LL, de Jeff Schinker, erkläert: Also mir sinn eng Ulafstell ginn fir Leit déi Froen hunn, déi Schwieregkeeten hunn, wann se mierken, dass se zum Beispill iergendswou keng Droit d'Auteuren bezuelt kréien, oder wann se jonk Auteuren, jonk Autrice sinn déi net wëssen wéi kréien ech et hin ze verëffentlechen, bei wien ginn ech, da mierke mer ëmmer méi, dass déi Leit eis kontaktéieren an an eis eng Ulafstell gesinn fir esou Froen ze léisen an dat ass natierlech immens schéin.
D'Gebuertsdagskand huet och Wënsch fir d'Zukunft.
Jeff Schinker: De Wonsch wier, dass mir an de Contrat-Typen fir den Theater weiderkommen an do op e gemeinsamen Nenner stoussen mat der Theaterfederatioun. Nach e Wonsch wier, dass et eis geléngt zesumme mat der Federatioun vun de Bicherediteuren, dass et eis geléngt, dass eis Bicher esou distribuéiert sinn, dass däitschsproocheg Bicher um däitsche Marché sinn, franséischsproocheg Bicher um franséische Marché an engleschsproocheg Bicher op dem englesche Marché and so on, an et och méi Iwwersetzunge gëtt. Well mir hunn ëmmer déi Situatioun, dass Bicher déi op Däitsch geschriwwe ginn, an den däitsche Librairien net weider leien, am Frankräich nach schlëmmer, Bicher déi op Franséisch geschriwwe ginn zu Lëtzebuerg, net am franséischsproochege Raum disponibel sinn.