 
                    © PersPektiv Editions
Kann d'Hex KrixKrax dem kranke Kinnek Mett hëllefen?
Pressetext vu PersPektiv éditions:
D’Awunner vum Duerf maachen sech Suergen:
Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen an d’Kränkt schéngt sech weider op säi ganze Kierper, säin Diwwi, seng Decken an doriwwer eraus auszebreeden.
Et huet keen eng Léisung parat, weeder d’Dokteren nach soss Experten. Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen?
Mä ... wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hiren Tuerm, hir däischter Stopp?
De Marc WEYDERT, Joergang 1977, ass Diplompädagog, bestuet a Papp vun dräi Meedercher. No „Verdruddelt Geschichten“ (2022, 1. Präis am Concours littéraire national 2021), „Zerknujelt Geschichten“ (2023), erschénge bei Perspektiv Editions, an „Alarm am Geessenhaus“ (2024), Editions Schortgen, ass „Krixkrax“ säi 4. Buch fir Kanner an all déi, déi gäre Geschichte liesen, lauschteren, verzielen oder verzielt kréien.
Hien ass och als Komponist fir Kannerlidder aktiv an tourt mat sengem literaresche Cabaret fir Erwuessener duerch d'Ländchen.
D'Patty THIELEN, Joergang 1969, bestuet a Mamm vun zwee erwuessene Kanner, ass eng Lëtzebuerger Illustratorin.
D’Patty huet seng Kandheet a Jugend zu Ëlwen verbruecht, zeechent vu Klengem un, sammelt leidenschaftlech Kannerbicher an ass am léifsten dobaussen an der Natur, sief et zu Fouss oder mam Vëlo. Am Lycée huet hatt sech fir d’Konschtsektioun entscheet, fir dono zu Bréissel Illustratioun a schliisslech zu Stroossbuerg Arts Plastiques ze studéieren.
Zënter den 90er-Joren illustréiert d’Patty mat Begeeschterung Bicher, zeechent Cartoonen, entwërft Affichen a Logoen, moolt Biller mat Aquarell- oder Uelegfaarwen.
"KrixKrax"
Marc Weydert a Patty Thielen
PersPektiv éditions
32 Säiten
ISBN 978-29198-13-90-2
22€

 
                     
                     
                     
                    