Mat „Ech si kee béise Wollef“ huet d’Zeechnerin a Kannerbuchauteurin Vanessa Staudt virun 8 Joer hiren Debut ginn.

Fir „Monsteren am Gaart“ huet si 2008 zesumme mam Jhemp Hoscheit de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie „Kannerbuch“ gewonnen. No Monsteren a Wëllef ass elo den Tour um „Kroumpernéckel“. D’Bea Kneip stellt Iech déi neitste Geschicht vun der Vanessa Staudt vir.

„De Kroumpernéckel“ vun der Vanessa Staudt ass elo iwwerall an de Librairien ze kréien, en ass erauskomm bei Atelier Kannerbuch.