Geschriwwe vum Nora Wagener an dem Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz.

Et geet ëm dem d'Glühschwéngche seng Aventüren, wéi et probéiert, op den Nordpol auszewanderen an dobäi vum béisen Här Pingubausch entfouert gëtt. Néiergeschriwwen hu seng Geschicht d'Nora Wagener an de Luc Caregari, illustréiert huet dat Ganzt de Carlo Schmitz.

D'Buch erschéngt beim Verlag "Op der Lay" a kascht 15,90 Euro. Et misst ab elo an all de gudde Librairien am Land ze kafe sinn - an och online kann een et bestellen.

Eng offiziell Presentatioun fënnt den 18. Juni um 16h am Gudde Wëllen an der Stad statt.