Lecture vun heiheemE literaresche Réckbléck op 2018

RTL Lëtzebuerg
Wat gouf et 2018 Neits an der Lëtzebuerger Bicherwelt?

An e puer Deeg bliedere mer d’Säit ëm: Da steet 2019 um Kalenner. Awer do virdrun kucke mer nach eng Kéier zeréck, op déi Bicher an Auteuren déi di lescht 365 Deeg markéiert hunn. D’Bea Kneip mat engem literaresche Réckbléck op 2018

An e puer Deeg bliedere mer d’Säit ëm: Da steet 2019 um Kalenner. Awer do virdrun kucke mer nach eng Kéier zeréck, op déi Bicher an Auteuren déi di lescht 365 Deeg markéiert hunn. D’Bea Kneip mat engem literaresche Réckbléck op 2018

Wat eng Plaz op enger Bestsellerlëscht iwwert e Buch ausseet, doriwwer kann ee streiden. Trotzdem ass et bësse schued, dass et zënter ugangs 2018 keng Lëscht méi vun de beschtverkaafte Bicher zu Lëtzbuerg gëtt. Bicher ginn et dofir awer genuch, an et sinn der och dëst Joer eng Rei dobäi gewiescht, déi et sech wierklech lount ze liesen. E Coup de Coeur war zum Beispill “Dicks- Rodange- Lentz” vum Roger Muller. Wéi stoungen eis 3 national Dichter zoueneen, hunn si sech perséinlech kannt, hunn si eventuell souguer een den anere beaflosst? An dësem Buch léiert een d’Pionéier vun der Lëtzebuerger Literatur vun enger ganz neier Säit kennen. Eng nei Säit weisen och déi 29 Auteuren aus Lëtzebuerg an aller Häre Länner déi fir d’Anthologie “Fresh from the Fountain -English writing in Luxembourg” kuerz Texter a Gedichter an englescher Sprooch geschriwwen hunn.
2018 war awer och d’Joer vun de Biographien: iwwer Sportler wéi den Acacio Da Silva, de Frank Schleck oder de Josy Barthel, dann dem Yves Steichen seng exzellent Aarbecht iwwert den Thierry van Werveke a jo, et krut ee souguer d’Biographie vun engem amtéierende Minister proposéiert.

Ongedëlleg gouf och op déi verschidde Literaturpräisser gewaart, déi jo zu de feste Rendez-Vousen am literaresche Kalenner gehéieren. De Servaispräiss zum Beispill, den dëst Joer un den Helminger goung. Den Nico Helminger, fir geneeë ze sinn. Seng “Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge” huet och d’Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis beandrockt, an esou konnt den Nico Helminger souzesoen en Doublé realiséieren.

Fir de Wow-Effekt beim Lëtzebuerger Buchpräis hunn den Auteur Thomas Schoos an d’Zeechnerin Keong A Song mat hierem Kannerbuch “Woow Lëtzebuerg” gesuergt. Mam Romain Butti gouf en Newcomer beim nationale Literaturconcours op déi éischt Plaz gewielt, dat fir säin Theaterstéck “Fir wann ech net méi kann”, a bei de jonken Auteuren bis 25 Joer konnt d’Anna Leader schonn hiren drëtte Succès verbuchen. Wien de Literaturnobelpräis gewanne géif, doriwwer huet een dëst Joer net misste spekuléieren: déi héchsten Auszeechnung déi et an der Literatur ze gewanne gëtt, huet 2018 eng Zwangspaus ageluecht, aus de Grënn déi mer alleguer kennen. Aus Lëtzebuerger Siicht war awer en anere renomméierte Literaturpräis vill méi interessant, nämlech de Prix Goncourt de la Poésie den der grande Dame vun der Lëtzebuerger Literatur, der Anise Koltz, zouerkannt gouf.

Fir de Jean Back an de Gast Groeber wäert de 6ten November an Erënnerung bleiwen, wou si beim Literaturconcours vum European Prize for Literature zu Wien Ex Aequo de Präis vun den Europadeputéierte gewonnen hunn, dat fir hir Kuerzgeschichten “European Clouds” (Jean Back) an “Aktuelle Wetterwarnung - überwiegend dichter Nebel” (Gast Groeber)

2018 hat awer och seng traureg Momenter. Den Doud vum Schrëftsteller, Editeur a Matbegrënner vum Mierscher Literaturarchiv, de Cornel Meder zum Beispill, den eis den 2te Juli fir ëmmer verlooss huet. Onvergiess ass och de Fotograf an Editeur Rol Schleich deen den 21sten Oktober vun eis gaangen ass. An natierlech de Georges Hausemer, deen knapps e Joer viru sengem Doud nach mam Batty Weber Präiss ausgezeechent gi war. Hien ass den 13ten August 2018 no laanger Krankheet gestuerwen. Säi lescht Buch “Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte” an der en de Lëtzebuerger Literaturbetrieb an net ze vergiessen, sech selwer, zerguttst op d’Schëpp hëlt, ass am November bei Capybarabooks erauskomm.
Am Oktober war dee ganze Lëtzebuerger Literaturbetrib iwwregens fir e puer Deeg ausgewandert: net allze wäit, just bis op d’Frankfurter Buchmesse, wou et fir d’éischte Kéier zënter 5 Joer e Lëtzebuerger Stand ze bewonnere gouf.

E mouvementéiert Joer, net ganz ouni Kontroversen, awer haaptsächlech mat ville gudde Bicher. An dorop kënnt et jo schlussendlech un.

Back to Top
CIM LOGO